Honnerte Leit stinn zu Hongkong gedëlleg an der Schlaang a waarden drop, e Bild vum Vincent van Gogh dierfen ze gesinn, dat méi wéi sechs Joerzéngte laang net ausgestallt ginn ass. 1890 hat de bekannte Kënschtler d"Châtaigniers en fleurs" (Käschtebeem an der Bléi) gemoolt. D'Bild gëllt als eent vun de Bedeitendsten aus senge leschten Deeg am franséischen Duerf Auvers-sur-Oise, wou hien zwee Méint méi spéit sollt stierwen.
Nom van Gogh sengem Doud war d'Bild fir d'éischt u säi Brudder Theo gaangen, ier deem seng Wittfra Johanna van Gogh-Bonger an hire Jong Vincent Willem an de Besëtz komm waren. Duerno war d'Konschtwierk bei den däitschen Editeur Samuel Fischer komm a vun aus bei den US-amerikanesche Songwriter, Produzent a Co-Fondateur vun der Plackefirma Capitol Records George DeSylva. Weider goung et bei d'Sammlerin Harriet Harris-Jonas, de Konschtverkeefer Wildenstein an d'Famill Blaquier.
Den 18. November wäert d'Bild "Châtaigniers en fleurs" zu New York versteet ginn. Et gëtt mat engem Präis am Beräich vun 180 Milliounen Dollar gerechent. Donieft wäerten 11 weider Wierker ënnert den Hummer kommen, déi och laang net méi ze gesi waren, dorënner Biller vum Paul Cézanne a vum Claude Monet.