Sein oder NichtseinPolitesch Satir am TNL

Patricia Baum
"Sein oder Nichtsein" ënnersträicht, wat fir eng Muecht d'Konscht kann hunn.
D'Theaterstéck "Sein oder Nichtsein"
Eng beweegend Geschicht iwwer d’Widderstandskraaft vun engem Theatergrupp an Zäiten vum Nationalsozialismus.

"Sein oder Nichtsein" dat ass dat wuel bekanntsten Zitat vum Shakespeare senger Tragedie Hamlet. De Begrëff steet awer och fir aner bekannte Wierker an Adaptatiounen, wei zum Beispill dem Ernst Lubitsch säi Film “To be or not to be” an dem Nick Whitby seng Bünenadaptatioun. A genau dës Politkomédie huet de Frank Hoffmann elo am TNL op d’Bün bruecht. D’Stéck ass eng Gratwanderung tëschent Komedie an Tragedie an erzielt eng emouvant Geschicht iwwer d’Widderstandskraaft vun engem Theatergrupp an Zäite vum Nationalsozialismus. "Sein oder Nichtsein" mécht dann och den Optakt vun engem neien Theatersall, nämlech dem TNL Atelier.

Sein oder Nichtsein, Liewen oder Doud, Komedie an Tragedie.  Dem Ernst Lubitsch säi Filmklassiker “To be or not to be” vun 1942 erzielt d’Geschicht  vun enger polnescher Theatertrupp, déi géint d’Nazie resistéiert. De Regisseur Ernst Lubitsch war en däitsche Judd, deen deemools am Exil an Amerika gelieft huet.

"Deemools ass him och reprochéiert ginn, genau wei beim Charlie Chaplin fir säi Great Dictator, wéi kann een iwwert d' Nazien, iwwert déi fuerchtbar Leit, wéi kann een do eng Komedie maachen? An him ass dat gelongen. An déi Komedie huet, bei allem Humor, awer en trageschen Ënnertoun an hien als Judd, dierft dat," erkläert de Regisseur Frank Hoffmann.

"Et ass voll gepaakt mat béisaartege Witzer. An dat fannen ech spannend, fir dat haut och erëmzespillen", sou de Schauspiller Luc Feit.

 "Also et spillt ëmmer un der Grenz. Kann een iwwerhaapt doriwwer laachen oder net? Dat gouf dem Ernst Lubitsch och ëmmer virgeworf. Ech fannen et soll een driwwer laachen, mam ganzen Eescht deen do geschitt", fënnt den Acteur Wolfram Koch.

D’Handlung spillt 1939 zu Warschau, wou déi polnesch Schauspiller eng antifaschistesch Komedie prouwen. D’Stéck gëtt awer ofgesetzt a si decidéieren dann, Hamlet vum Shakespeare ze spillen. An der Haaptroll: De Joseph Tura, deem seng Fra sech, beim berüümte Monolog "Sein oder Nicht Sein", mat engem jonken Offizéier an hirer Garderob trëfft. Wéi d'Nationalsozialiste Polen besetzen a si selwer a Gefor sinn, wiele si de Widderstand an den Theater gëtt als falsche Gestapo-Haaptquartéier ëmgewandelt an d’Schauspiller gi sech als Nazien aus.

"Eng gutt Satir berout jo ëmmer op enger genau beobachter Realitéit. An d'Stéck hei an d'Figuren an d'Schauspiller hunn d'Realitéit relativ gutt beobacht. A se maachen doraus eng satiresch Interpretatioun", sou de Frank Hoffmann.

D’Schauspiller am Theaterstéck notzen also hir Fäegkeeten a maachen dat, wat si am Beschte kënnen, nämlech Rolle spillen. Si verkleede sech als däitsch Offizéier an aner wichteg Persoune fir d'Besatzer ze täuschen a geheim Informatiounen ze schützen. Duerch eng sëlleg Verwiesslungen, Mëssverständnisser an Täuschungsmanöver entstinn doduerch extrem komesch, witzeg  ma awer och geféierlech Situatiounen.

"Et geet ëm Faschismus, Besetzung, et geet ëm autoritär Staaten an effektiv d'Fro, wat een do maache kann. Et weess een, d'Situatioun ass net roseg a wat kann een als Kënschtler do dogéint maachen. An dat, wat ee maache kann, ass spillen. An et ass e Stéck, wat mat enger ganz grousser Freed domadder ëmgeet, wat versicht subversiv ze sinn  an deem d’Leit einfach dat maachen, wat se gär maachen, nämlech spillen", sou de Marc Baum.

"Déi Leit, déi Schauspiller an deem heite Stéck, déi spille wierklech herno ëm hiert Liewen. A mat der Konscht kréie se hir Fräiheet an ech fannen dat schonn e ganz schéine Message."

"Sein oder Nichtsein" ënnersträicht deemno och, wat fir eng Muecht d'Konscht kann hunn. Datt den Theater an den Humor, wéi an deem heite Fall, als Waff géint de Faschismus an Diktatur ka genotzt ginn. An datt een d'Ënnerdréckung och mat Intelligenz, Zesummenhalt a Courage ka bekämpfen. Theaterstéck "Sein oder Nichtsein" gëtt nach bis den 28. Oktober am TNL Atelier gespillt.

Back to Top
CIM LOGO