Kanner - a Jugendliteraturpräis 2027Schreift mat a schéckt Ären Text eran!

RTL Lëtzebuerg
De SCRIPT organiséiert déi 5.Editioun vum Kanner - a Jugendliteraturpräis.
© SCRIPT

Dir schreift gären op Lëtzebuergesch, hutt op d'mannst 16 Joer a sidd inspiréiert fir en Text zum Thema "Haut an elo" anzereechen? Dann ass dat hei fir Iech! D'Texter, déi zeréckbehale ginn, kënnen an der Kannerzeitung "Piwitsch" oder am Reader fir d'Fach Lëtzebuergesch op der 4e verëffentlecht ginn.

Pressecommuniqué vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation Pédagogiques et Technologiques vum Unterrichtsministère)

De Kanner- a Jugendliteraturpräis 2027 ass lancéiert !
Fir déi fënnefte Kéier schreift de SCRIPT de Kanner- a Jugendliteraturpräis aus.
De KJLP ass mat 1500 Euro fir de Gewënnertext dotéiert resp. mat 800 Euro fir all zousätzlechen Text, dee vum Jury en vue vun enger Publicatioun zeréckbehale gëtt. D’Gewënner an d’Gewënnerinne vun de leschte Jore waren d’Nora Wagener, d’Anja Di Bartolomeo, de Luc François an de Jhemp Hoscheit,
D’Zil vum Concours ass, d’Literatur op Lëtzebuergesch ze fërderen an d’Offer vu literareschen Texter op Lëtzebuergesch an de Schoulen ze erweideren, souwuel an der Grondschoul wéi och am Enseignement secondaire.
De Concours gëtt all Joer ausgeschriwwen. Matmaache kënnen all Auteuren an Autorinne vu 16 Joer un. D’Texter mussen onverëffentlecht sinn.
D’Editioun 2027 steet ënnert dem Theema « Haut an elo ». Gesicht gi Geschichten, déi sech mat där Welt befaassen, an där Kanner a Jonker haut grouss ginn. Wat sinn Erausfuerderungen, deene si haut ausgesat sinn ? Mat wéi enge Froen, Hoffnungen a Suerge beschäftege si sech ? Wat sinn hir Dreem ?
Et kënnen dëst Joer Erzielungen an zwou Kategorien eragereecht ginn:

  • Erzielunge fir Kanner aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul
  • Erzielunge fir Jonker vu 4e (ES/ESG) aus dem Enseignement secondaire

De Stéchdatum, fir d’Texter ofzeginn, ass den 1. Februar 2027.
D’Reglement an déi genee Conditiounen, fir beim Concours matzemaachen, stinn op www.script.lu.
Hei de Link: https://www.script.lu/sites/default/files/publications/2026-09/2027_KJLP%20Reglement%20concours.pdf
Kontakt: kjlp@script.lu

Back to Top
CIM LOGO