Fra a LiewensgeforMann no Messerattack zu Wëlwerwolz an Untersuchungshaft

Samantha Weber
De Verdächtegen, deen zu Wëlwerwolz eng Fra liewensgeféierlech mat engem Messer blesséiert hat, ass elo an Untersuchungshaft.
Zu Wëlwerwolz huet e Mann eng Fra liewensgeféierlech blesséiert.
© RTL Archiv

Schonn e Mëttwoch hat d'Police de Sträit zu Wëlwerwolz gemellt, bei deem eng Fra liewensgeféierlech blesséiert gi war.

E Freideg koum dunn d'Nouvelle, datt de presuméierten Täter, deen déi selwecht Nuecht festgeholl gi war, an Untersuchungshaft ass. Deemno wier de Mann nach de selwechten Dag virun den Untersuchungsriichter komm, deen e Mandat d'arrêt ausgestallt huet. Doropshi koum de Verdächtegen an den Uerschterhaff.

D'Ermëttlungen zum Motiv an dem Oflaf vun der Dot lafen.

Back to Top
CIM LOGO