
Leschten Dënschdegowend krut d'Police géint 21:30 Auer e Bedruchsfall gemellt. Onbekannt Täter hate sech als Bankemployéen ausginn an eng Fra ëm eng gréisser Geldzomm bruecht.
D'Täter haten d'Fra vu Beggen iwwer Telefon kontaktéiert an hir matgedeelt, dass e Kuréier bei hir doheem hir Kreditkaarte géing siche kommen, fir dës z'iwwerpréiwen oder auszetauschen. Nodeems déi Geschiedegt hir Kaarte späre gelooss hat, sollt sech erausstellen, dass domat schonn eng Rei Iwwerweisungen oder Ofhiewe vu Boergeld virgeholl gi waren.
Am Kader vun den Ermëttlungen ass dunn e Konto festgestallt ginn, op deen en Deel vum Geld transferéiert gi war. En Deel dovu konnt e Mëttwoch beschlagnaamt ginn. Nodeems der Besëtzerin vum Kont hiert Haus duerchsicht gi war, konnten elektronesch Apparater a Boergeld séchergestallt ginn.
Op Uerder vum Parquet ass déi presuméiert Täterin wéinst Verdacht op Bedruch a Geldwäsch festgeholl an en Donneschdeg dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn. D'Ermëttlunge lafe weider.