No Joerzéngte voller Trauer schafft d’Tova Sullivan als Botzfra an engem Aquarium an enger klenger Küstestad. Do entwéckelt si eng komesch, awer häerzlech Verbindung mam Marcellus, engem risegen Oktopus. De Marcellus schéngt méi iwwer hir Vergaangenheet ze wëssen, ewéi d'Tova selwer zougi wëllt. Wann de Cameron, e jonke Gittarist, deen no sengem Papp sicht, an der Stad opdaucht, gëtt d’Tove mat hirer eegener häerzzerräissender Vergaangenheet konfrontéiert.
Dës Verfilmung vum Bestseller "Remarkably Bright Creatures" vum Shelby Van Pelt aus dem Joer 2022 funktionéiert virun allem wéinst der Duerstellung vun der Schauspillerin Sally Field. Mat enger onvergläichlecher Rou spillt si d’Tova net als exzentresch al Dame, mee als Fra, déi hire Leed esou laang mat sech gedroen huet, datt et Deel vun hirem Alldag ginn ass.
De Film verléiert sech heiansdo e bëssen an ze vill sentimentalen Niewesträeng, an net all emotionalen Tiwst kënnt wierklech iwwerraschend. Den dréchenen Humor vum Alfred Molina geschwatene Marcellus verhënnert sengersäis, datt d’Geschicht komplett am Kitsch ënnergeet a gëtt dëser Adaptatioun eng Märchenhaft an humorvoll Dimensioun.
"Remarkably Bright Creatures" ass eng liicht a gutthäerzeg Ënnerhalung, eng dramatesch Komedie, ouni grouss Pretentiounen, déi momentan op Netflix ze gesinn ass.