De Laurent Loschetter vum Atelier sot am RTL-Interview, datt de Robbie Williams selwer gefrot hat, nach eng Kéier um Open-Air bei der Luxexpo ze spillen. Et hätt him 2023 esou gutt gefall, dass hien och dëst Joer nach eng Kéier wollt zeréckkommen.
Datt de Britt och zu Lëtzebuerg nach ëmmer Succès huet, konnt een um Méindegowend eng weider Kéier erliewen. Vill vu senge bekanntste Songs goufe vun de Fans matgesongen an d'Stëmmung war bei summerlechen Temperature bal net ze toppen.
A wéi hutt dir de Concert fonnt? Hannerloosst gären e Commentaire.