
De Mann war mat engem internationalen Haftbefeel gesicht ginn. Wéi d'Lëtzebuerger Wort e Méindeg fir d'éischt mellt, hätt den 28 Joer ale franséische Staatsbierger Chiranne Y. op der thailännescher Insel Phuket kënne gepëtzt ginn. De Parquet huet dës Informatioun RTL géigeniwwer confirméiert.
Am Januar scho waren zwee Männer op Basis vun engem internationale Mandat d'arrêt zu Paräis festgeholl ginn an u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn. De 27. Oktober hate sech dräi Männer als Livreur verkleet an hu gemaach, wéi wa se Blumme géinge bréngen. Si hunn d'Lëtzebuerger Koppel vun Eeschwëller mat enger Schosswaff an engem Messer menacéiert a wollten 300.000 Euro. Um Enn hate se sech mat 9.000 Euro, enger Auer a Kreditkaarten duerch d'Bascht gemaach.