52 Mol live gesinn an Autogramm tätowéiertRobbie Williams-Fans sti schonn zënter e Méindeg de Moie virun der Luxexpo

David Winter
E Méindeg den Owend um 21 Auer betrëtt de Star vum Owend, de Robbie Williams, viraussiichtlech d'Bün vum Open-Air-Concert. Richteg Fans vun him, déi ganz vir dobäi wëlle sinn, waarde schonn zënter Stonnen.
Robbie Williams-Fans virun der Luxexpo e Méindeg
E Méindeg den Owend um 21 Auer betrëtt de Robbie Williams viraussiichtlech d'Bün vum Luxexpo-Open-Air-Konzert. Richteg Fans wëllen do ganz vir mat dobäi sinn.

Fir vir bäi an der Rei bei engem Concert kënnen ze sinn, virun allem bei engem Optrëtt wéi deem vum Weltstar Robbie Williams, do muss ee wuertwiertlech fréi opstoen...Verschidden Hardcore-Fans vum fréieren "Take That"-Member hu schonn an de fréie Moiesstonne bei der Luxexpo virun der Entrée gewaart, fir e Méindeg den Owend déi bescht Plazen um Concert kënnen ze kréien. Verschidde Fans, déi mer virun den RTL-Mikro kritt hunn, ware souguer scho wäit virun 5:30 Auer e Méindeg de Moien op der Plaz present. Wéi gesot, de Robbie Williams kënnt fréistens um 21 Auer e Méindeg den Owend op d'Bün, e laangen an och waarmen Dag also fir sou e richtege Fan.

Ënnert anerem war och eng Ekipp vu Fraen aus Groussbritannien scho fréi do. "Dëst ass déi 52. Kéier, wou ech hie live gesinn", betount ee vun de brittesche Super-Fans. D'Frëndin dernieft huet et "eréischt" op 34 Live-Concerte vun him gepackt, do ass also nach Loft no uewen. A fir hir Robbie-Passioun och no baussen ze weisen, huet si sech souguer en Autogramm vun him virun 12 Joer op den Ënneraarm tätowéiere gelooss. De Robbie Williams veréiwegt fir ëmmer also.

Positiv beim Concert zu Lëtzebuerg wier iwwregens, dass et net sou e groussen Arena-Concert wier an een also nach vergläichsweis einfach eng Plaz ka vir bäi kréien, betount eng Madamm, déi aus Däitschland ugereest ass.

Wat de Choix vun de Lidder betrëfft, déi de Popstar e Méindeg den Owend zum beschte gi soll, also déi sougenannte Setlist, dierft et ville Fans egal sinn, vu dass déi meescht am Publikum seng Lidder souwisou auswenneg dierfte matsange kënnen. Net nëmmen d'Klassiker sinn hei selbstverständlech beléift, ma och seng nei Songs komme gutt un, wéi am Interview mat de Fans kloer ginn ass.

D'Virfreed op de Robbie Williams ass also grouss, genee wéi scho virun dräi Joer, wou hien déi leschte Kéier virun der Luxexpo gespillt huet. Et dierf ee gespaant sinn, ob sech dat laangt Waarde vun de Fans fir an déi éischte Rei och dës Kéier nees gelount huet.

Hei nach eemol de geneeë Programm vun e Méindeg den Owend bei der Luxexpo:

17:30 doors open

18:30 Lottery Winners

19:30 CMAT

21:00 Robbie Williams

Weider Detailer an Ticketen ginn et hei!

Back to Top
CIM LOGO