Reaktioun vum FIFA-PresidentGianni Infantino weist Kritik zréck, Folarin Balogun dierf spillen

RTL Lëtzebuerg
Laang hat d'FIFA sech am Fall Balogun bedeckt gehalen. Entretemps huet de President Gianni Infantino reagéiert a gläichzäiteg den Appell vum US-President erkläert. De Balogun dierf donieft géint d'Belsch spillen
© AFP

Op de soziale Medien huet den Gianni Infantino sech zur Affär ëm den eigentlech gespaarten US-Spiller Folarin Balogun geäussert. Hien hätt déi ëffentlech Stellungnamen zur Kenntnis geholl a wéilt de grondleeënde Grondsaz vun der FIFA Governance bekräftegen, sou de President vum Weltfuttballverband. Hien hieft ervir, dass déi judikativ Gremie vun der FIFA onofhängeg wieren, autonom géinge schaffen an de FIFA Disziplinarkodex uwenne géifen. Hir Onofhängegkeet wier fir d'Glafwierdegkeet an d'Integritéit vum Futtball vun entscheedender Bedeitung a misst ëmmer respektéiert ginn, sou den Infantino.

Mat där Ausso wäscht de FIFA-President seng Hänn an Onschold a weist Vermuddungen, hien hätt perséinlech intervenéiert, fir datt dem Balogun seng rout Kaart zréckgezu gëtt, vu sech. Dass hien an den US-President Donald Trump mateneen telefonéiert hunn, gëtt och den Gianni Infantino zou. Si géingen dat reegelméisseg maachen, grad esou wéi hien ëmmer rëm Appelle géing kréie vun anere Regierungscheffen an Acteuren aus Wirtschaft a Futtball, zu den ënnerschiddlechsten Themen.

De Schwäizer hätt dem US-President erkläert, dass de lafende juristesche Prozess ënner Bedeelegung vun den onofhängege judikative Gremie vun der FIFA zum passende Moment vun den zoustännegen Instanze géint decidéiert ginn. So géing de System vun der FIFA funktionéieren an et wier e Grondsaz, deen hien ëmmer géing verdeedegen. Eng perséinlech Meenung zum Fall Balogun huet den Infantino net. Hie géing d'Decisioune vun der FIFA-Disziplinarkommissioun liesen, wann eppes decidéiert ginn ass. Heiansdo géinge se hien iwwerraschen, heiansdo géing hien zoustëmmen, munchmol wier hien anerer Meenung.

Reklamatioun vun de Belsch refuséiert

Op alle Fall géing den Gianni Infantino d'Entscheedungen an d'Autonomie vun de Gremien, déi se treffen, ëmmer respektéieren. Onofhängeg dovun, ob him eng Decisioun gefale géing oder net. Ronn siwe Stonne virun der Partie vun den USA géint d'Belsch huet d'FIFA da bekannt ginn, dass de Folarin Balogun spillen dierf. D'Schreiwes, mat deem sech déi belsch Futtballfederatioun beim Weltverband beschwéiert hat, ass fir onzoulässeg deklaréiert ginn.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO