
No der éischter Halschent vum Festival ware mer éischter enttäuscht, mat Ausnam vum däitsche Film "SYTEMSPRENGER" an dem mazedonesche Film "GOD EXISTS, HER NAME IS PETRUNYA", allebéid vu Frae gedréint. Nodeems mer elo all d'Filmer a Kompetitioun gesinn hunn, bleiwen dës 2 Filmer och weiderhin ons Favoritten, well déi zweet Halschecht war op kee Fall besser wéi déi éischt.
Mir hate gemengt esou eppes wéi "ICH WAR ZU HAUSE, ABER" vum Angela Schanalec géif et definitiv net méi an engem grousse Filmfestival ginn. Et huet een d'Impressioun, dass d'Realisatrice sech méiglechst vill Zeenen esou konzeptlos erausgesicht an zesummegefléckt huet, dass keng Gefor besteet, datt se e Sënn erginn: eng Fra huet iwwer laang Minutten vill Misär mat hirem Vëlo, dee se kafe war an erëm wëll verkafen, e Grupp Kanner spillt ganz, ganz, laang dem Shakespeare säin Hamlet, an déifgrënneg Iwwerleeungen iwwer d'Schauspillerei am Spannungsfeld tëscht Fiktioun a Realitéit däerfen och net feelen. "ICH WAR ZU HAUSE, ABER" ass um Enn nach méi insupportabel, wéi dem Fatih Akin säi "Goldene Handschuh".
Och quasi ouni erzieleresch Linn, ass den israelesche Film "SYNONYMES" vum Nadav Lapid, en zimlech chaotescht Uneneereie vun artifiziell inzeenéierten Erënnerunge vun engem jonken Israeli, dee sech op Paräis exiléiert.
Vill Filmer haten iwwerhaapt Problemer eng richteg dramaturgesch Linn ze fannen, Themen a Personnage mat enger gewësser Komplexitéit auszeschaffen. Dat gëllt fir de kanadesche Film "REPERTOIRE DES VILLES DISPARUES" vum Denis Côté. Hei gëtt d'Problem vun der Landflucht, duerch just eng eenzeg Iddi (de Leit aus engem klengen Duerf erschéngen no a no all doudeg oder lieweg Ex-Awunner) bis op d'Langweil ausgereizt.

A beim Italienesche Film "LA PARANZA DEI BAMBINI" vum Claudio Giovannesi gëtt d'Potential vun enger staarker dramatescher Geschicht baséiert op dem Roman "Piranhas" vum bekannten Anti-Mafia Schrëftsteller Roberto Saviano net ausgenotzt. Ouni wierklech interessant Personnagen ze entwéckelen, beschränkt de Film sech op déi oninspiréiert Repetitioun vun Affrontementer tëscht jugendleche Mafiabanden, déi nach méi brutal wéi déi Erwuesse mat Kalaschnikowwen ëm de Kontroll iwwer verschidde Quartiere vu Neapel kämpfen.
Mat enger gewësser Spannung gouf déi katalanesch Netflix-Produktioun "ELISA Y MARCELA" vum Isabel Coixet erwaart. Sollt Netflix nees, wéi scho mat "Roma" an engem grousse Filmfestival e Präis gewannen, zemools well d'Berlinale bis dohinner net mat gudde Filmer geglänzt hat? Am Virfeld, haten déi däitsch Kinosbedreiwer, genee wéi hir franséisch Kollegen d'lescht Joer zu Cannes, verlaangt, "ELISA Y MARCELA" misst aus der Competitioun geholl ginn, well de Film keng Sortie an de Säll kritt, mä just op der Netflix-Plattform gewise gëtt. Si ware natierlech besonnesch nervös, well d'lescht Joer an Däitschland ronn 14% Zuschauer manner an de Kino gaange sinn. Wann dëst och sécherlech net eleng d'Schold vun Netflix ass, esou huet dach eng ganz rezent Enquête iwwer déi 2 lescht Jore gewisen, dass Netflix wuel méi e groussen negativen Impakt op d'Kinosfrequentatioun huet, wéi bis elo ugeholl. Mir wëllen awer mol wetten, dass "ELISA Y MARCELA" net am Palmarès opdauche wäert. Di dramatesch Iwwerliewensgeschicht vun enger lesbescher Koppel ëm d'Joren 1901 a Spuenien a Portugal, verléiert sech an enger laangootmeger historescher Rekonstitutioun, ouni richtegen dramatesche Fokus an Emotiounen, wat bei esou engem Thema schonn eng Leeschtung ass.

Well een no an no automatesch d'Lat ëmmer méi niddreg leet, kann een dem "A TALE OF THREE SISTERS" vum Tierkesche Realisateur Emin Alper e gewëssen Interêt ofgewannen. Wann och ganz dialoglastesch, esou ass dës Geschicht vun dräi Schwësteren, déi aus engem entleeënen anatoleschen Duerf mussen an d'Stad als Hëllefen bei besser Famille schaffe goen, déi hir Nout ausnotzen, zumindest formal an thematesch kohärent.
Den allerleschte Film an der Kompetitioun um Donneschdeg "SO LONG, MY SON" vum routinéierte chinesesche Realisateur Wang Xiaoshuai, dee scho Präisser zu Cannes a Berlin krut (Beijing Bicycle, Shanghai Dreams) huet de Niveau Gott sei Dank e bësse gehuewen. Dës Geschichtschronik vun zwou Familljen, déi den trageschen Doud vun engem Kand iwwer 30 Jore verbënnt, beschreift d'Evolutioun a China vun den Ufanks 80er Jore bis haut, also der Zäit vun der Ee-Kand-Politik an dem wirtschaftlechen Opschwong. Formal an dramaturgesch ass dëst wuel den ausgeräifste Film vum Festival. Déi un a fir sech melodramatesch Geschicht gëtt zwar mat vill Sobriétéit, awer leider och an engem extrem luese Rhythmus verzielt, dee besonnesch zum Schluss d'Gedold vum Spectateur strapazéiert.
Als Bilan vum Festival kann een nëmme soen, dass et eng ganz enttäuschend Berlinale war. Normalerweis sinn eng ronn 20 Filmer a Competitioun zu Berlin, zu Cannes an och zu Venedeg. Dëst Joer waren et der op der Berlinale just 16, nodeems dem grousse chinesesche Realisateur Zhang Yimou säi Beitrag zeréckgezu gouf, warscheinlech op Drock vun de chineseschen Zensurautoritéiten. Wann ee bedenkt, dass och an der enttäuschender Niewesektioun "Panorama" kee Film war, deen d'Kritäre vun engem Kompetitiounsfilm erfëllt hätt, muss een dervun ausgoen, dass einfach keng besser Filmer zu dësem Ament um Maart waren. De Jury huet et, ouni Filmer déi kloer ervirstiechen, dann och net einfach fir e Samschdeg e Palmarès opzestellen. Wann allerdéngs nëmme mëttelméisseg Filmer zur Auswiel stinn, kann een natierlech och net vill falsch maachen. Oder vläicht dach?
LINK: Berlinale 2019 - 1. Blog vum Joy HoffmannLINK: Berlinale 2019 - 2. Blog vum Joy HoffmannLINK: Berlinale 2019 - 3. Blog vum Joy Hoffmann