
Fir un d'Kultur vun de Kelten ze erënneren, organiséieren d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten dëse Weekend um Neihaischen, déi 11. Editioun vum Bealtaine-Festival. Mat sportlechen Aktivitéiten a Workshoppe fir Kanner an engem Kelte-Lager kann een an d'Zäit vun deemools andauchen. Fir de Coordinateur vum Festival, den Tom Lahr, ass de Bealtaine eng gutt Geleeënheet, fir grad deene Jonken ze weisen, datt een keng Technik braucht, fir eng gutt Zäit ze hunn.
Eng 135 Benevoller sinn am Asaz, fir de Festival op d'Been ze stellen. D'Organisateure rechnen och dëst Joer nees mat méi wéi 5.000 Visiteuren. Wie sech an d'Zäit vun de Kelten zeréckversetze loosse wëllt an haut keng Zäit hat, dee kann dat nach muer vun 11 Auer moies bis 7 Auer owes maachen.
Um 19:30 Auer weise mer haut den Owend am Journal op der Tëlee och ee Reportage iwwert de Bealtaine-Festival.