Ëmmer am Asaz - och op Silvester an Neijoerschdag
D'Déngschtequipe vum Sylvesterowend vun de Pompjeeë SaDiff (Suessem/Déifferdeng). / © Jérôme Lauterbour
Hei e puer Fotoe vun den Equippen, déi iwwert de Joreswiessel prett waren - et weess ee jo ni ...
Merci fir Ären Asaz!
Hoffentlech bleift et roueg ...
D'Déngschtequipe vu Silvester vun den 2 Ambulanzen an dem Sauvetage vum Cibett - also Beetebuerg / © Max Delvaux fir de CIBETT
En Deel vun der Dingscht-Equipe vum CID (Diddeleng). / © Aurélien TERNAT




Eng Foto vun de Pompjeeën aus der Gemeng Miersch bei hirer Silvester-Permanence. / © Jean-Paul Wagener
Silvester-Permanence vum CIS Bettenduerf. / © Laurent Schauls
Permanence-Equipe vum CISRO (Réiser) / © Marc Weyer
Ëmmer am Asaz - CIS Clervaux / © Sven Arend
D'Déngschtequipe vum CIS Stengefort / © Dan Thoma
Am Centre d'intervention Park Housen gëtt zesumme mat de Partner an Partnerinne Silvester gefeiert a Permanence am Déngscht vum Matbierger gemaach. / © Marc Portzen
D'Déngschtequippe vu Schengen, Biermereng a Welleschten. / © Frank Schumacher
D'Déngschtequippe vum Centre d’incendie et de secours Bus, Réimech a Briedemes, déi an der Silvester-Nuecht op der Ambulanz an um INCSA Déngscht hunn. / © Tom KONSBRÜCK
Silvester-Permanence vum CIS Manternach / © Joe WEIS
En Deel vun der Silvesterpermanence 2016/2017 vum Zenter Käerjeng-Péiteng. / © Romain Haas






Verschidden Detailer iwwer den CISEA, also den Escher Zenter:
Ambulanzasätz bis 31.12.2016 um 21h: 5072
Pompjeesasäz 2016: 901
Feieren: 137
Technesch Asätz: 763
Fir Silvesterowend sinn 2 Ambulanzen a Pompjeeë mat insgesamt 12 Leit besat.






Silvester-Permanence CISGM (Gréiwemaacher) / © Patrick Linster
Och de CIS Jonglënster an de CIS Menster sinn iwwer de Joreswiessel mat enger Déngschtequipe fir d'Sécherheet vun de Bierger do. 12 Männer a Frae sinn zu all Zäit bereet, fir deenen ze hëllefen, déi et selwer net méi kënnen.






D'Déngschtequipe vum Centre d'intervention et de secours Kayl-Tétange - 14 Leit sinn am Zenter vertrueden. / © Diogo De Oliveira
D'Déngschtequipe vum Centre d'intervention et de secours Kayl-Tétange - 14 Leit sinn am Zenter vertrueden. / © Diogo De Oliveira
An hei nach e Video vum Zenter vu Beetebuerg: