Serie "Hondsgeschichten"Liewe mat Handicap: d'Nana léisst sech duerch näischt ënnerkréien

RTL Lëtzebuerg
Ob traureg Schicksalsschléi, spannend Aventuren oder witzeg Erliefnisser: An dëser Serie stellen eis Hondsbesëtzer hir ganz aussergewéinlech Muppe vir.
Hondsgeschichten Episod 3: D'Nana
Liewe mat Handicap: d’Nana léisst sech duerch näischt ënnerkéien

Daf a blann Hënn oder Muppen, deenen een oder direkt e puer Bee feelen... am Alldag trëfft een ëmmer nees op Déiere mat Handicap. Déi eng komme mat enger Aschränkung op d’Welt, déi aner krute se duerch eng Krankheet, en Accident oder schlëmm Mësshandlung. Net nëmmen hiert Ausgesi schreckt vill Leit vun enger Adoptioun of, ma och Virurteeler, wéi dass si méi Aarbecht géinge maachen oder ee se néierens kéint mathuelen. Wéi wichteg et ass, esou engem Déier eng zweet Chance ze ginn, wéi en Handicap-Mupp säin Alldag meeschtert a wat de Mënsch duerch dës Erfarung léiere kann, dat hunn eis de Matt a seng Schwëster Maya erzielt.

U sech ware si net op der Sich no engem neien Hausdéier. Ee ganz bestëmmte Mupp ass hirem Papp awer net méi aus dem Kapp gaangen, nodeems hien d’Annonce an der Zeitung gesinn hat. Séier huet d’Famill alles an d’Weeër geleet, fir dem Nana en Doheem ze schenken. De Stroossenhond aus Rumänien hat engem Bauer en Hong geklaut. Dëse war doropshin esou rosen, datt hien dem Mupp e Been erofgeschnidden huet an en du wéi Dreck op d’Strooss gehäit huet. Déiereschützer vun der Foundation Sky hunn d’Déier fonnt, direkt matgeholl a medezinesch versuergt.

Zu Lëtzebuerg ukomm, huet d’Nana villes misse léieren. Net nëmmen huet sech d’Liewen op dräi Been um Ufank als schwiereg erwisen, ma och en neit Ëmfeld, eng eege Famill an en aneren Hond am Haus, mat deem ee sech de Kierfchen deelt... vill nei Andréck a kuerzer Zäit. Mat vill Gedold, Versteesdemech a Leckerlien ass et der Famill awer gelongen, dem Mupp säi Vertrauen ze gewannen. Ufanks huet sech d’Nana net op Plättercher getraut; just op Teppecher huet et sech wuel gefillt. A Raim, an deene Plättercher un de Mauere sinn, traut et sech haut nach net eran. An awer huet sech de fréiere Stroossenhond aus Rumänien net ënnerkréie gelooss. No enger gewësser Zäit huet sech d’Nana un d’Liewen op dräi Bee gewinnt an ass mëttlerweil net méi ze stoppen.

Seng 10 Joer gesäit een him net un, wann et duerch de Gaart leeft oder d’Trapen erof rennt. Apropos Lafen: mat senger Famill ass d’Nana reegelméisseg an der Natur ënnerwee. Wann de Matt mam Vëlo fiert, leeft hatt glécklech niewendrun. Reegelméisseg leet hatt mat sengem Meeschter eng Streck vun 10 Kilometer zeréck. Och schwamme mécht d’Fellnues gär.

Engem Handicap-Hond en Doheem ze schenken, war fir d’Famill vu Käerjeng déi richteg Entscheedung. A Rumänien ginn et esou vill Déieren an Nout, déi Schlëmmes erlieft hunn. An d’Nana ass ee vun hinnen. Ob daf, blann oder aneren Handicap: all Déier huet eng zweet Chance verdéngt, fënnt d’Maya. Soubal een op eng Annonce vun engem Mupp stéisst an dësen net méi vergiesse kann, dann ass et de richtegen Hond, sou d’Lycéesschülerin. An do soll d’Theema Handicap net ofschrecken, well dës Déieren engem genausou vill Freed a witzeg Momenter bereede kënnen. An och wann ee selwer nach keng Erfarunge mat Handicap-Déiere gemaach huet, stinn engem Experten a Veterinären zur Säit. An de Rescht kënnt mat der Zäit. “Learning by doing” ass hei ugesot, fir mat de Beréierungsängscht ronderëm d’Theema Handicap ze briechen.

Back to Top
CIM LOGO