
Et kann een am Livestream nokucken, mä nach ass net kloer, wéini de Wal Timmy aus der Bucht vu Wismar raus an d’oppent Mier transportéiert soll ginn. Zanter dräi Deeg ass elo schonn e private Rettungsversuch amgaang, dat an der Hoffnung, d’Déier, dat elo schonn 20 Deeg festsëtzt, awer nach retten ze kënnen.
De Wal ass däitlech geschwächt a beweegt sech den Ament och guer net weider vill am Waasser. D’Rettungsaktioun gouf vu privaten däitsche Geschäftsleit lancéiert.
Kritik vu Wëssenschaftler an aneren Experten huet eng Veterinärin e Samschdeg zréckgewisen, déi den Timmy betreit. D’Déier hätt, hirer Meenung no, eng reelle Chance, mä d’Situatioun wier schwiereg.
Kritiker fäerten, datt de Wal esou schwaach ass a keng Orientéierung méi huet, datt en d’Rees heem guer net méi packe kann. De Plang ass, de Bockelwal op eng riseg Baatsch ze hiewen an en esou an dat oppent Gewässer ze bréngen.