
D’Kierpersprooch vu Kaze besser verstoen - dat ass Ziel vun engem Fuerschungsprojet vun Neurowëssenschaftler vun der Ruhr Universitéit zu Bochum zesumme mat Partner aus Italien, der Tierkei a Kanada. Dofir sichen d’Fuerscher Besëtzer vu Kazen, déi hir Déieren zu Fuerschungszwecker mam Handy filmen. Duerch d’Videoe wëllen d’Wëssenschaftler d’Kierpersprooch vun den Déiere besser kenneléieren a mat hirer Fuerschung Réckschlëss vum Verhale vun den Déieren op d’Prozesser am Gehier zéien.
“Well mir Kazen nëmme schwéier bei eis op d’Universitéit aluede kënnen, brauche mir Är Hëllef”, heescht et am Opruff u Kazefrënn. Fir den Usaz vun der “Citizen Science”, bei där Laien ouni Virkenntnesser vu Wëssenschaftler zum Sammele vun Donnéeën ugeleet ginn, hätt ee sech bewosst decidéiert, sot de Chef vum Projet, de Patrick Reinhardt vun der Ruhr-Universitéit. Hënn an hir Besëtzer kéint een ënner kontrolléierte Konditiounen an e Labo invitéieren, “déi meescht Kaze géingen esou eppes jo guer net matmaachen”.
Duerch d’Matmaachaktioun géing ee sech awer och eng grouss Quantitéit un Donnéeën erhoffen. No engem éischten Opruff an Däitschland hätte sech iwwer 500 Kazebesëtzer fir eng Participatioun um Projet gemellt. Och bei de Fuerscher an der Tierkei, Italien a Kanada wiere scho Videoen ukomm.
Gefrot sinn Handyvideoe vu Kazen an dräi ënnerschiddleche Situatiounen, wouduerch d’Wëssenschaftler d’Schlofpositioun, “d’Pattepreferenz” an d’Schwanzhaltung analyséiere wëllen. Domat wieren ënnerschiddlech Fuerschungsfroe verbonnen.
“Bei engem Hond wësse mir ouni Zweiwel, datt hie sech freet, wann hie mam Schwanz wackelt”, erkläert de Reinhardt weider. Zu der Fro, wat den “typesch opgeriichten, mä an Nuancen individuell geknéckte” Schwanz iwwer d’Stëmmung vun der Kaz verréit, géing et wéineg Donnéeë ginn.
Ausserdeem wëllen d’Fuerscher erausfannen, wat dohanner stieche kéint, datt verschidde Kaze souzesoen “Rietshänner” oder “Lénkshänner” sinn. “Wéi eng Patt eng Kaz léiwer asetzt, ass ganz ënnerschiddlech. Mir wëlle wëssen, mat wéi enge Facteuren déi individuell Pattepreferenz zesummenhänkt”, sou de Rheinardt nach. Fir d’Experiment sollen d’Déierebesëtzer hir Kazen animéieren, Fudder mat der Patt aus enger Nisch ze fëschen.
Den Tipp vun de Fuerscher: “Am einfachste geet dat mat engem eidele Rouleau Toilettëpabeier mat Leckerlien dran, deen op enger Säit zougepecht ass.” Grad bei dësem Experiment géing sech elo scho weisen, datt esou munch Kaz hiren eegene Kapp huet: “Verschiddener loosse sech guer net animéieren. Mä och dat seet jo eppes aus”, esou de Patrick Rheinhardt.
Och Kazen, déi schlofen, interesséieren d’Fuerscher. Si wëllen eng Hypothees iwwerpréiwen, déi si no der Auswäertung vu sëllege Youtube-Videoen entwéckelt haten: “Mir hu festgestallt, datt déi meescht Kazen op der lénker Säit schlofen. Allerdéngs wësse mir bei den Internet-Contenuen näischt iwwer d’Kazen.”
D’Fuerscher ginn dovun aus, datt d’Schlofpositioun, eppes iwwer Prozesser am Gehier verréit an evolutionär verwuerzelt ass: “Eng Kaz, déi op der lénkser Säit schléift, huet beim Erwächen déi lénks Gesiichthallschent fräi”, erkläert de Rheinhardt. Wat si lénks erkennt, géing an der rietser Gehierhallschent opgeholl ginn: “Ass do eng Gefor? Oder vläicht en Déier, fir ze fänken? Esou Froe kann déi riets Gehierhallschent e bësse méi séier verschaffen, wat der Kaz entspriechen Virdeeler bitt.”
RTL-News (1.7.25): Etüd aus Däitschland: Kaze si Lénksschléifer - aus guddem Grond