Trotz KlimawandelLiewensraum gëtt méi kleng, Äisbiere méi déck

Julie Thilges
D'Kierperfett vu 770 Äisbiere gouf analyséiert: Obschonns d'Äis – hire Liewensraum – lues a lues verschwënnt, si se méi déck ginn.
Liewensraum gëtt méi kleng, Äisbiere méi déck
D’Kierperfett vu 770 Äisbiere gouf analyséiert: Obschonns d’Äis – hire Liewensraum – lues a lues verschwënnt, si se méi déck ginn.

D’Barentséi, eng Regioun an der Arktis, ass d’Doheem vun enger Subpopulatioun vun Äisbieren, déi ongeféier 3.000 Déieren zielt. Am ganze ginn et 20 esou Populatiounen, a weltwäit gëtt de Bestand vum Äisbier op an déi 20.000 geschat.

An enger rezenter Etüd vum Norwegesche Polarinstitut gouf festgestallt, dass et den Äisbieren, trotz Klimawandel, den Ament net esou schlecht geet, ewéi bis elo geduecht. Vun 1992 bis 2019 gouf d’Kierperfett vu 770 Äisbieren analyséiert, déi op der norwegescher Inselgrupp Spitzbergen liewen – bei der Barentséi.

“Fir dës Daten ze kréien, brauche mir d’Gewiicht an d’Gréisst vum Bier, da gëtt ausgerechent, wéi vill Fett si hunn. Dofir muss de Bier betäubt ginn. Aus engem Helikopter gëtt op e geziilt, da schléift de Bier a mir hunn Zäit, eis Aarbecht ze maachen an dat alles ze moossen”, esou den Jon Aars, Fuerscher um norwegesche Polarinstitut, deen dës Recherche geleet huet.

Der Etüd no ass d’Kierperfett vun den Äisbiere bis d’Joer 2000 gefall. Zanterdeem, grad wärend enger Period, wou vill Äis verluer gaangen ass, hätt sech hiren Zoustand awer verbessert.

An dëser Regioun vun der Arktis géifen d’Biere sech upassen, a méi u Land op d’Juegd goen – do friesse si ënnert anerem Rendéieren a Walrossen. D’Fuerscher mengen awer, dass dat an Zukunft wäert ëmschloen, seet de Jon Aars: “Dat, well et keng Äisbiere ronderëm d’Arktis gëtt, wou keen Äis ass. Natierlech ënnerscheet sech Spitzbergen vun anere Gebitter, garantéiere kënne mir näischt.”

D’Äisbieren op Spitzbergen kéinten an Zukunft forcéiert sinn, méi wäit mussen no Narung ze sichen. Et misst nach méi am Detail recherchéiert ginn, wéi aner Gruppe vu Biere sech dem Klimawandel upassen.

Back to Top
CIM LOGO