Konnt sech net méi selwer befreienPompjeeë rette Labrador aus Mouer an der Géigend vu Stuttgart

AFP, iwwersat vun RTL
En 11 Joer ale Labrador ass zu Stuttgart aus enger liewensgeféierlecher Situatioun gerett ginn, nodeems en an engem Mouer agesackt war a sech net méi selwer befreie konnt.
Symbolbild vun engem Labrador.
Symbolbild vun engem Labrador.
© FRANK MAY/dpa Picture-Alliance via AFP

E vermëssten Hond ass zu Stuttgart vun de Pompjeeën aus engem Mouer gerett ginn. Déi 11 Joer al Labradorsdamm war en Dënschdeg am Beräich vun engem Séi agesackt an hat sech net méi eleng kënne befreien, wéi d’Pompjeeën an der Haaptstad vum däitsche Bundesland Baden-Württemberg matgedeelt hunn.

D’Déier wier an enger liewensgeféierlecher Situatioun gewiescht.

Spadséiergänger haten en Dënschdegnomëtteg Gebills an der Géigend vum Mouer héieren an doropshin d’Sekuristen alarméiert. Op der Plaz hunn d’Pompjeeë mat Deeler vun enger Leeder en Zougang bei den Hond geschaaft.

Zwee Secouristen am Neopren konnten d’Déier schlussendlech befreien. U Land ass den Hond mat Waasser versuergt ginn.

D’Police huet d’Besëtzerin ermëttelt an hir de Véierbeener erëm iwwerreecht. Am Asaz waren am Ganze ronn zéng Pompjeeën.

Back to Top
CIM LOGO