
En neie Rettungsversuch fir de Wal Timmy, dee virun der Ostséi-Insel Poel op enger Sandbänk läit, fänkt fréistens e Samschdeg de Moien un. De Chef vun enger Dauch-Entreprise, déi vun enger privater Initiativ beoptraagt ginn ass, sot, si hätte Prouwe gemaach an alles a Positioun bruecht, fir datt et e Samschdeg de Moie ka weidergoen.
De Wal huet sech e Freideg eemol gedréint. Mat enger Aart Pompel a Gebléis ass hie vun enger Partie Sand befreit ginn, sou datt hie sech rëm besser beweege kann. Ausserdeem gëtt duerch déi Mesuren erméiglecht, dass d’Rettungsleit e Loftkëssen ënnert den Timmy kréien, fir en esou an d’Luucht ze hiewen. Duerno soll en Netz drënner geluecht ginn, dat u Pontone festgemaach ass an den Oftransport vum Wal a Richtung Nordséi méiglech soll maachen.
Zu deem Versuch soll et fréistens e Samschdeg de Moie kommen. Bis dohi soll den Timmy weider mat Waasser besprëtzt ginn. D’Experte ginn dovun aus, dass et dem Déier net ze schlecht geet, och wann déi ganz Aktioune ronderëm hien natierlech Stress fir de Wal bedeiten. Ob d’Léisung mat de Pontonen, un deenen d’Transportnetz soll festgemaach ginn, Erfolleg wäert hunn, ass nach net ofzegesinn. Et wier déi éischte Kéier, datt esou e Versuch ënnerholl gëtt.