
Wéi aus sëllege Medieberichter ervirgeet ass et dat gréisste Massestierwen an esou Anlagen an Thailand. An där ginn et der eng jett. Touriste kënnen do fir Sue d’Déieren hautno erliewen. Dës Tragedie huet d’Debatt iwwer esou Tiger-Erliefnis-Parken an de Konditioune fir d’Déieren nei opliewe gelooss.
Déiereschützer kritiséieren zanter Joren esou Aarte vun Zooen. Touriste kréien d’Méiglechkeet nieft de Raubkazen ze poséieren a se souguer unzepaken. Peta huet kloer Wierder: “Dës Tigere sinn esou gestuerwen, wéi se gelieft hunn - am Misär, a Gefaangenschaft a mat Angscht.” Et wier endlech un der Zäit, dass esou Betriber definitiv hir Dieren zoumaachen, betount den Jason Baker, President vu Peta Asien.
Responsabel fir d’Massestierwen an den zwee Parke vum Ubidder Tiger Kongdom an der Provënz Chiang Mai soll e Virus sinn. 246 Déieren ginn do am Ganze gehalen. 72 Tigere si bis den 18. Februar verscheet. E puer Veterinären tippen drop, dass d’Fudder kéint kontaminéiert gewiescht sinn. Et gëtt vill réit Pouletsfleesch verwäert an dat kann eng grouss Roll a waarme Länner spillen.
Der zoustänneger regionaler Verwaltung no huet sech d’Erkrankung ënnert den Tigeren Ufank Februar an e puer Perchen ausgebreet. Ëm wéi ee Virus et sech genee handelt, ass aktuell nach onkloer. Éischt Ënnersichungen hu gewisen, datt eng Infektioun mam sougenannte Feline Parvovirus (FPV) de Grond kéint sinn. Dat ass eng héich ustiechend Krankheet, déi dacks déidlech verleeft. Et kéint sech awer och ëm den déidleche Canine Staupevirus (CDV) handelen. Déi definitiv virologesch Analys ass nach net ofgeschoss.
Déi betraffen Anlage goufe fir 14 Deeg ënner Quarantän gestallt. D’Perche goufen desinfizéiert an all d’Kadavere verbrannt. Gläichzäiteg ginn iwwer 100 Persoune vun de Gesondheetsagencen iwwerwaacht, déi tëscht dem 8. an dem 19. Februar Kontakt mat den Tigeren a béide Parken haten. Bis ewell goufe bei kenge weideren Déiere Symptomer festgestallt. Eng nogewisen Infektioun soll net op de Mënsch iwwerdrobar sinn.
Wat nach dobäi kënnt, warnen Experten, an esou Parke breede sech Krankheetserreeger immens séier aus. Et ginn ze vill Déieren op begrenztem Raum. Inzucht wier dowéinst och kee rare Phenomen, wat den Immunsystem vun den Tigere schwächt. Tiger Kongdom wier e Betrib, deen op Gewënn aus wier an d’Déieren ausbeut, sou nach Peta. Dës Tigere wieren e Liewe laang agespaart an ugekett, nëmme fir mat Touristen fir Fotoen ze poséieren. Wat vu ville Parken ofgestridde gëtt, awer eng gängeg Praxis ass, sinn drogéiert Déieren. Vill Tigere géifen därmoossen onnatierlech wierken a wieren immens zam, dass och dës kritesch Fro ëmmer nees optaucht.