Held op véier BeenEeler Fra bei Hausbrand vun hirem Mupp wakereg gebillt

RTL Lëtzebuerg
Am däitschen Ostheim a Bayern hat eng eeler Fra vill Chance. Bei hir doheem war an der Nuecht op en Dënschdeg e Feier ausgebrach.
Dëst ass just e Symbolbild.
Dëst ass just e Symbolbild.
© Envato

An der Nuecht op en Dënschdeg ass am Keller vun engem Haus an Däitschland e Feier ausgebrach. Eng 60 Joer al Bewunnerin hat géint 00.35 Auer selwer den Noutruff gewielt a konnt d’Gebai mat Zäite verloossen, ier d’Rettungsekippen an d’Pompjeeën op der Plaz ukoumen. D’Fra koum mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Spidol.

Dass hir net méi geschitt ass, verdankt si hirem klenge véierbeenege Matbewunner. Hire Mupp hat nämlech esou laang gebillt, bis d’Fra erwächt ass a gemierkt huet, dass d’Haus voller Damp war. Ma net nëmme koum si mat Zäiten eraus, och d’Feier war relativ séier geläscht. Dem klengen Held op véier Been ass och näischt geschitt, hien hat sech ënnert der Trap verstoppt.

Ausléiser vum Feier kéint en techneschen Defekt un enger Modelleisebunn gewiescht sinn, déi am Keller stoung. De Schued gëtt op 50.000 Euro geschat.

Back to Top
CIM LOGO