"Datt mir keng Déiere méi kënnen ophuelen, dat deet eis alleguerte wéi", sot de Roby Biwer op Nofro vun RTL. Als President huet hien zesumme mat sengen Ekippen déi schwéier Decisioun missen treffen, d'Statioun zu Diddeleng an och déi verschidde Plazen, wou een d'Déieren am Land kann ofginn, zouzemaachen.
Esou vill Déieren, wéi ee wärend der Canicule déi leschte Woch pro Dag erakrut, hat ee bis ewell nach ni. De Roby Biwer nennt als Beispill d'Zuele vun zwou Zorte Villercher: 65 Schmuebelen an iwwer 100 Mauerseegeler, respektiv Leeëndecker.
Déi Leschtgenannt mussen dann am Schnëtt all zwou Stonne gefiddert ginn. "D'Leit schaffe bis an d'Nuecht eran. An da Moies, wann d'Sonn grad emol opgeet, sinn déi nächst schonn erëm hei", sou de Roby Biwer.
Duerch déi grouss Unzuel un Déieren hunn déi professionell Soignanten an all d'Benevollen d'Aarbecht net méi gepackt. De Roby Biwer seet, datt een all d'Leit, déi een huet, kontaktéiert huet.
"Wa mer lo nach wieder Déieren ophuelen, kënne mer eis net méi richteg ëm se all këmmeren", esou de Roby Biwer. Doduerch riskéiert een, datt engem Déiere stierwen, déi ee schonn opgeholl huet, well ee sech net méi richteg ëm se këmmere kann.
De President vun natur&ëmwelt ass awer och optimistesch: "Wann d'Wieder sech berouegt, kënne mer nees Déieren ophuelen." Op eng Zäitfënster wollt de Roby Biwer sech do awer net direkt festleeën, hie schätzt awer, datt vill Déieren an der nächster Woch fit ginn an nees an d'Natur entlooss kënne ginn.
Wann dat geschitt ass, kënnen och nees nei Déieren opgeholl ginn. Datt een elo zougemaach huet, "huet wéi gedoen, mä mir hunn et misste maachen".
D'Zil elo ass fir d'Ekippen zu Diddeleng kloer: "De Maximum vun den Déieren, déi mer hunn, nees gesond kréien." An dat geet awer net, wann een der Aarbecht net méi nokënnt.
An de leschten Deeg hat een net just mat der Hëtzt an de villen Déieren, déi dorunner leiden, ze kämpfen. Och de Fakt, datt all déi aner Statiounen an der Groussregioun scho vill méi fréi keng Déiere méi opgeholl hunn, huet d'Situatioun net verbessert.
"Et koumen och Leit aus dem Ausland heihinner", erkläert de Roby Biwer. Dëst huet dann och nach dozou bäigedroen, datt een nach méi iwwerlaf ginn ass.
De Roby Biwer sot am Interview mat RTL, datt "d'Ekippen e fantasteschen Job gemaach, trotz der Canicule".
D'Statioun fir Wëll Déieren zu Diddeleng gëtt aktuell ausgebaut. Vun der Plaz hier hätt een zwar nach eventuell Déiere kéinten ophuelen, mä et sinn d'Hänn, déi engem Feelen.
D'Aarbecht ass net just d'Fidderen an de Kacka ewechmaachen, mä et gi vill aner Aufgaben zu Diddeleng: "D'Fudder preparéieren, Dicher, mat deene mer jong Villercher waarm halen, asammelen, wäschen a falen."
Och Administrativ ginn et Aarbechten, déi gemaach musse ginn.
"All Hand gëtt gebraucht", seet de fréiere Buergermeeschter vu Beetebuerg. Dofir ass et dann och den Opruff, datt Leit, déi sech benevolle engagéiere wëllen, sech solle mellen.
Dat geet am einfachsten iwwert d'Telefonsnummer 26 51 39 90, da kënnt een an der Zentral eraus.
"Sot de Leit awer, si solle méi dacks probéieren an net no der éischte Kéier opginn. Aktuell brauche mer jiddereen bei der Fleeg vun den Déieren", ënnersträicht de Roby Biwer. An dann ass et méiglech, datt d'Zentral och mol zäitweis net besat ass, wann d'Personal an der Fleeg gebraucht gëtt.
D'Mataarbechter, op fix oder fräiwëlleg, kréien och Formatiounen offréiert, wou ee sech weiderbilde kann. Dat geet vun der Opzuucht vun engem Kaweechelchen iwwer d'Gesondfleege vun engem Villchen: "D'Leit kommen a Kontakt mat den ënnerschiddlechsten Déieren aus der Lëtzebuerger Fauna."
Dat geet vun den heemesche Villercher iwwer Fiiss a Mardere bis heiansdo och emol bei en Uhu.
Sech fräiwëlleg engagéieren heescht awer net, datt een elo all Dag an der Statioun muss aushëllefen. Et ginn och Benevolle gebraucht, déi punktuell an den Asaz kënne kommen – ebe wéi beim aktuelle Fall, wann eng Canicule oder en anert Evenement am Land dozou féiert, datt vill Déieren an d'Statioun geliwwert ginn.
Well mat all Hand méi evitéiert een, datt een eng weider Kéier d'Statioun muss zoumaachen, well een no sengen eegene Leit an den Déieren, déi ee schonn opgeholl huet, muss kucken.