Déierentransporter vu Police erofbegleetDausenden Hénger a Stau op däitscher Autobunn bal un Hëtzt gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Bei den extreemen Temperaturen e Sonndeg war en Déierentransporter an Däitschland an e Stau geroden. 9.000 Hénger huet doduerch bal den Hëtztdoud gedreet.
Weil tausenden Hühnern der Hitzetod drohte, hat die Polizei in Sachsen-Anhalt einen Tiertransporter aus einem Stau auf der Autobahn 2 geholt. Der mit rund 9000 Hühnern beladene Lastwagen war auf dem Weg zu einem Schlachthof in Polen.
Déi Responsabel vum Déierentransporter musse sech elo veräntwerten.
© AFP/Archiv

A Sachsen-Anhalt hunn de Weekend dausenden Hénger an engem Déierentransporter op der A2 gedreet, wéinst der Hëtzt ze stierwen. De Camion, dee mat ronn 9.000 Hénger beluede war, war e Sonndeg bei den extreem héijen Temperaturen um Wee aus Holland an e Schluechthaus a Polen, wéi hie wéinst hëtztbedéngte Schied un der Autobunn an e Stau geroden ass, heescht et e Méindeg vum Autobunnsdéngscht vun der Police a Sachsen-Anhalt.

De Chauffer huet doropshin d'Rettungsdéngschter geruff. Pompjeeën a Mataarbechter vun der zoustänneger Veterinärsautoritéit hunn den Déierentransport fir d'éischt op enger Aire mat Waasser a Ventilatore versuergt. Wéi awer och dat net gehollef huet, hunn zwee Policeween den Transporter duerch de Stau bis zu der nächster Offaart geleet.

Doduerch koum de Camion zwar e gutt Stéck méi séier aus dem Stau, trotzdeem si ronn 150 vun den 9.000 Hénger gestuerwen. D'Veterinärautoritéit huet dowéinst rechtlech Schrëtt géint de Responsabele vum Déierentransport an aner Leit lancéiert.

Och Däitschland huet déi lescht Woch ënner der Hëtztwell gelidden. E Sonndeg gouf den drëtten Dag an der Suite en neien Temperaturhéchswäert gemooss. Zu Coschen a Brandenburg un der polnescher Grenz waren 41,7 Grad gemooss ginn. Wéinst der Hëtzt hat sech op e puer Autobunnen de Makadamm gehuewen, wat zu Schied un der Fuerbunn a laange Staue gefouert huet.

Back to Top
CIM LOGO