
En internationaalt Team vu Fuerscher huet d’Déier am Norde vum Land entdeckt, sou Autoritéiten e Freideg aus der Haaptstad Lima. Engem Artikel aus der Fachzeitung “PeerJ” no, gouf dem klengen Nagedéier den Numm Oreoryzomys hesperus ginn.
D’Reservat Tabaconas Namballe, an deem d’Entdeckung gemaach, ass bekannt dofir, eng grouss biologesch Diversitéit ze hunn. D’Gebitt ëmfaasst ronn 32.000 Hektar Land an deem 59 verschidde Mamendéieren, 186 Vullenaarten, sou wéi 13 Amphibien- a 5 Reptilienaarte liewen.