Ënnert anerem och bei de Bieren, déi jo bekanntlech vu Mëtt November bis Enn Mäerz Wanterschlof halen an elo sou lues a lues erwächen an déi éischt Sonnestrale genéisse wëllen.
Op de Biller erkennt een d’Chada, a raren „Tien Shan“-Bier an d’Synochok, e Brong-Bier. Allen Zwee kommen se aus hirer Höhl eraus an genéissen den Ufank vum Fréijoer.
Gefilmt gouf dëse Moment an der Ukrain, net wäit vu Kiew ewech, dat am “White Rock Bear Sanctuary”, engem Naturschutz-Reservat fir wëll Deieren. Dat ganzt huet en eeschte Background: Dës Déiere ginn beispillsweis aus Zirkussen, aus illegalem Privatbesëtz an och, an de leschte Joren ëmmer méi dacks... aus dem Gebitt vun der Front an der Ukrain gerett.
D’Besëtzerin vum Reservat, d’Maryna Shkvyria betount, dass et de bis ewell “schlëmmste Wanter” zënter 2022 war. Alleguerten d’Männer aus hirem Team wieren am Moment un der ukrainescher Front.