Gléck am Zoo zu KopenhagenDen 13. Mäerz um 13h03 Auer koum e gesond Giraffe-Källefchen op d'Welt

RTL Lëtzebuerg
Nëmmen zwee Deeg virdrun, nämlech den 11. Mäerz, gouf den Zoo dann och mat Elefanten-Nowuess begléckt.
© RTL

Grouss Freed am Déierenzoo am dänesche Kopenhagen. Hei ass nämlech e Freideg den 13. Mäerz, also an sech op engem Onglécksdag, virun den Ae vun Visiteuren an dem Personal, e gesond Giraffe-Källefchen op d’Welt komm.

Gléck am Zoo zu Kopenhagen
Den 13. Mäerz um 13h03 Auer koum e gesond Giraffe-Källefchen op d’Welt. Zwee Deeg virdrun, gouf den Zoo mat engem Elefanten-Nowuess begléckt.

Um Dag selwer hätt d’Personal moies scho festgestallt, dass d’Mamm den Nowuess deen Dag op d’Welt wäert bréngen. Dass et dann och nach den 13. Mäerz (13.03) um 13 Auer 03 op d’Welt koum, huet fir vill Leit d’Gebuert perfekt gemaach. D’Kallef ass gesond op d’Welt komm, ass knapp 2 Meter grouss a weit scho ronn 60 Kilo.

Nëmmen zwee Deeg virdrun, nämlech den 11. Mäerz, ass dann och en Elefante-Kallef am selwechten Zoo an Dänemark gesond op d’Welt komm. D’Déierefleeger wäerten elo vill ze dinn, an d’Spectateure vill ze kucken hunn.

Back to Top
CIM LOGO