Bei Niendorf ugespulltWal un Ostséiküst vu Schleswig-Holstein soll gerett ginn

AFP, iwwersat vun RTL
Un der Ostséiküst vun Niendorf gouf e Wal ugespullt. D'Déier, dat elo soll gerett ginn, kéint dee selwechte Wal sinn, dee sech virun zwou Wochen an engem Fëschernetz verfaangen hat.

Un der Ostséiküst a Schleswig-Holstein gouf e gréissere Wal ugespullt. D’Déier wier op enger Erhéijung am Waasser oder enger Sandbank a géing nach liewen, sot e Spriecher vun der Police vu Lübeck e Méindeg. Deemno gouf de Wal géint 1.05 Auer an der Nuecht virun Niendorf gesinn.

Elo géing probéiert ginn, d’Déier ze retten, sot de Spriecher weider. Dobäi géingen d’Gréisst, d’Gewiicht an de Waasserniveau eng Roll spillen. Prioritär wier, datt de Wal mol “stressfräi” leie soll. Experte vum Institut fir Terrestresch an Aquatesch Wëlldéierefuerschung an d’Waasserschutzpolice wieren um Asaz bedeelegt.

Net genee gewosst ass, ob et dee selwechte Wal ass, dee sech viru knapp zwou Woche virun der Ostséiküst vu Mecklenburg-Vorpommern bei Steinbeck an engem Fëschernetz verfaangen hat. D’Déier, dat ronn zéng Meter laang ass, konnt sech deemools selwer aus dem Netz befreien, eng Léngt hat sech allerdéngs ëm de Wal verfaangen. Doduerch koum d’Vermutung op, datt et dee selwechte Wal kéint sinn.

Back to Top
CIM LOGO