
Ee Bier, dee ronn 100 Kilogramm schwéier ass, war zënter dem Weekend méi wéi 20 Mol bei Haiser, Schoulen a Parke gesi ginn.
Fir d'Sécherheet vun der Populatioun goufen all 94 ëffentlech Schoulen an der Stad zougemaach.
Iwwerdeems sicht d'Police nach no engem anere Bier an der Stad Fukushima. Dësen hat véier Persoune blesséiert an ass trotz méi Versich net agefaange ginn. Hien ass souguer aus enger Fabréck entkomm, déi vun der Police ëmkreest war. De Buergermeeschter vu Fukushima huet d'Déier als "extrem intelligent" beschriwwen, nodeems et esouguer gesi gouf, wéi et Waasser aus engem Krunn gedronk huet.
Japan erlieft zanter Joren eng däitlech Hausse vu Bierenattacken. Am Joer 2025 goufen 238 Attacke registréiert, dovun 13 mat déidlechem Ausgang. Experten erklären dës Entwécklung ënner anerem mat schlechte Recolë vun Eech-Kären, déi eng wichteg Narungsquell fir d'Biere sinn. Doduerch zéien d'Déieren ëmmer méi dacks a bewunnte Gebidder op der Sich no Iessen.
Och déi ëmmer méi al Bevëlkerung an de ländleche Géigende spillt eng Roll. Well et manner Mënschen an Aktivitéit gëtt, fillen d'Bieren sech méi sécher a kommen méi no bei Dierfer a Stied.
Fir de Problem ze bekämpfen, setzt Japan ëmmer méi op nei Technologien. Drone mat Wärmebildkameraen hëllefen dobäi, Bieren opzespieren an ze verfollegen. Zousätzlech ginn AI-Systemer getest, déi Opnamen analyséieren. Eng aner originell Léisung ass de "Super Monster Wolf" – e sonnebetribene Roboter-Wollef, deen d'Bieren duerch Geräischer a Luuchten erschrecke soll.