
Lassgaange war et mat de Fäll vun Déierequälerei am November 2025. An op d'mannst 15 verschiddenen Dote gouf op d'Déiere geschoss, a verschiddene Fäll souguer op méi Vigel beieneen. Wärend e puer Déiere vun den Déiereschützer gerett konnte ginn, haten anerer esou schro Blessuren, datt se hu missen erléist ginn.
D'Rettungsaktioune goufen deels gefilmt, ma eng kleng Warnung - d'Biller sinn net schéin:
E Mëttwoch huet de Polizeipräsidium Trier allerdéngs een Ermëttlungserfolleg gemellt. Et hätt een iwwer Méint intensiv enquêtéiert, woubäi sech ee Verdächtegen - een 43 Joer ale Mann vu Konz - ëmmer méi erauskristalliséiert hätt.
En Dënschdeg waren du schliisslech genuch Indicen do, fir datt d'Police dem Mann seng Wunneng konnt duerchsichen. Dobäi goufe verschidde Beweismëttel saiséiert, dorënner och eng Armbrust, op Lëtzebuergesch och nach Fitschebou genannt, a verschidden Datenträger. Dës géifen aktuell nach ausgewäert ginn, heescht et vun der Police vun Tréier.
Dem Mann ginn elo "Jagdwilderei" a Verstéiss géint d'Waffegesetz an d'Déiereschutzgesetz virgeheit. D'Ermëttlungen, notamment zum Verdächtege sengem Motiv an zu den Hannergrënn, ginn allerdéngs weider, heescht et vun der Police.
D'Police vun Tréier huet an hirer Matdeelung iwwerdeems och drun erënnert, datt Wilderei an Déierequälerei keng "Bagatelldelikter" wieren: "Ofhängeg vun der Dot ass an der Reegel mat héije Geldstrofen a souguer Fräiheetsstrofe vu bis zu dräi Joer ze rechnen."