DänemarkDe Bockelwal Timmy gëtt en Donneschdeg obduzéiert

AFP, iwwersat vun RTL
D'Iwwerreschter vum Bockelwal "Timmy", déi virun der dänescher Insel Anholt ugeschwemmt goufen, sollen en Donneschdeg vun Experten obduzéiert ginn.
De Bockelwal Timmy huet seng Mesaventure net iwwerlieft.
De Bockelwal Timmy huet seng Mesaventure net iwwerlieft.
© Screenshot AFP

D'dänesch Ëmweltschutzagence huet en Donneschdeg de Moien erkläert, d'Obduktioun sollt wéi geplangt am Nomëtteg ofgehale ginn. Den däitsche Landesëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern, den Till Backhaus (SPD) hat scho gewarnt, datt méiglecherweis net vill bei der Obduktioun erauskomme géif.

Wéinst dem schlechten Zoustand vun den Iwwerreschter, déi scho viru Wochen ugeschwemmt goufen, kéinte verschidde Saachen "just ageschränkt oder guer net méi" festgestallt ginn, esou de Backhaus en Donneschdeg. D'Obduktioun kéint awer dobäi hëllefen, "oppe Froen iwwer säi Gesondheetszoustand, méiglech Virerkrankungen, an d'Ursaache vu sengem Doud ze beäntwerten."

De däitsche Landesëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern, den Till Backhaus (SPD) hat scho gewarnt, datt méiglecherweis net vill bei der Obduktioun erauskomme géif.
Den däitsche Landesëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern, den Till Backhaus (SPD) hat scho gewarnt, datt méiglecherweis net vill bei der Obduktioun erauskomme géif.
© AFP-Archiv

D'Resultater vun der Obduktioun sollen der dänescher Agence no méi spéit publizéiert ginn. De Kadaver wat e Samschdeg un d'Plage vun der dänescher Insel Anholt u Land gezu ginn, virun där de Bockelwal ugeschwemmt gi war. De gutt 12 Meter laange Wal war déi éischte Kéier Ufank Mäerz am Hafe vu Wismar gesi ginn. Hien ass duerno wochelaang duerch déi däitsch Ostsee geiert an ass e puermol virun der Küst vu Schleswig-Holstein a Mecklenburg-Vorpommern gestrant. Fir d'lescht louch hie virun der Insel Poel.

Obwuel Experten dat schwéier geschwächten Déier no enger Rei Rettungsversich opginn haten, huet de Backhaus Mëtt Abrëll de Rettungsversuch vun enger Privatinitiativ zougelooss. Den Timmy gouf mat engem Schëff aus der Ostsee bruecht an Ufank Mee am oppene Mier tëscht Dänemark a Schweden fräigelooss. Mëtt Mee gouf virun der dänescher Insel Anholt dunn de Walkadaver fonnt, dee kuerz drop als Kadaver vum Timmy confirméiert gouf.

De Bockelwal Timmy kuerz viru senger leschter Rettung.
© Foto von STEFAN SAUER / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Back to Top
CIM LOGO