Zu Fukushima a JapanE Bier huet véier Persounen ugegraff a blesséiert

AFP, iwwersat vun RTL
Bannent dem leschte Joer goufen a Japan 50.000 Rencontere mat Bieren an 13 Attacken op Mënsche gezielt.
Fukushima a Japan: Véier Persoune bei Bieren-Attack blesséiert
D'Déier war duerch zwou Fabricken an e Wunnquartier gezunn.

E Bier huet zu Fukushima a Japan véier Leit ugegraff a blesséiert. Wéi d'japanesch Zeitung Yomiuri Shimbun schreift , wier d'Déier als éischt an enger Fabrik fir Autosdeeler opgedaucht an hätt do zwee Employéë gebass. Doropshi wier en Noutruff erausgaangen.

No dësem Tëschefall wier de Bier da weidergelaf an hätt nach zwou aner Persounen attackéiert. Eng an engem Wunnquartier an eng weider um Terrain vun enger Fabrik an där Elektro-Apparater produzéiert ginn. Duerno wier de Bier an d'Fabrik eragelaf. Aktuell géifen d'Autoritéiten der japanescher Zeitung no dovun ausgoen, dass d'Déier sech nach am Gebai géing befannen.

Eent vun den Affer wier bei der Attack schwéier blesséiert ginn.

Bannent dem leschte Joer goufen a Japan 50.000 Rencontere mat Bieren an 13 Attacken op Mënsche gezielt. Et géif den Autoritéiten no bal deeglech passéieren, dass Bieren an Haiser andréngen, an der Géigend vu Schoulen opdauchen, duerch Supermarchéë lafen oder bei waarme Quelle fir ze buede gesi ginn.

Dëst Fréijoer ass d'Zuel vun de Renconteren tëscht Mënschen a Bieren nach eng Kéier besonnesch staark geklommen. Dacks kommen d'Déieren a Kontakt mam Mënsch, well si no hirem Wanterschlof hongereg an op der Sich no Narung sinn. D'leschte Mount ass e russeschen Tourist an engem Aussebezierk vun Tokio vun engem Bier déidlech verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO