Waren am Dezember ausgesat ginnWéi geet et de Welpe Paola a Jepolina sechs Woche méi spéit?

Samantha Metzler
Déi zwee Welpe Paola a Jepolina goufen am Dezember an enger Poubelle respektiv an enger Heck ausgesat fonnt.
Wéi geet et de Muppe Paola a Jepolina?
Déi zwee Welpe waren an enger Poubelle respektiv an enger Heck ausgesat.

Mat der Nuebelschnouer um Bauch, blann a komplett eleng. Esou goufen déi zwee neigebuere Welpen den 8. Dezember 2025 fonnt. Si ware getrennt vuneneen ausgesat ginn. Deen ee louch zu Dikrech op der Gare an enger Poubelle, deen aneren um Kierchbierg an enger Heck. Séier war kloer: Dat ka keen Zoufall sinn, et musse sech hei ëm Geschwëster handelen.

Duerch de séieren Asaz vun de bedeelegte Persounen hunn déi zwee Muppen dësen trauregen éischte Liewensdag iwwerstanen an hunn och duerch d’Hëllef vun engagéierten Déiereschützer iwwerlieft. Passanten haten der Police ugeruff an als Éischt war d’Paola bei d’Kerstin Trögele komm, Veterinärin vu MäiVet an huet dee klenge Mupp dono u Casa Perro – Animal Rescue Asbl weidervermëttelt. D’Jepolina gouf den nämmlechten Dag fonnt an iwwer d’Alpa um Enn och mat der klenger Schwëster Paola zesummebruecht.

Antëscht ass dat sechs Wochen hier an et huet sech vill gedoen an där Zäit. Wéi et de Muppen haut an de Mënschen, déi d’Paola an d’Jepolina gerett hunn? Mir ware bei hirer éischter Visitt beim Veterinär mat dobäi. Do gouf nach emol erkläert, wat déi zwee am Dezember hu missen duerchmaachen a wéi si sech zanterhier entwéckelt hunn. Wat ganz genee virgefall ass a wéi et dozou komme konnt, bleift weiderhin onkloer.

Back to Top
CIM LOGO