"Et ass keng One-Woman-Show"Chefkächin Anne Knepper gëtt mat Uerden ausgezeechent

Anouk Siebenaler
2025 ass si vu Gault&Millau als "Jongkächin vum Joer" ausgezeechent ginn, elo krut d'Anne Knepper de "Chevalier Couronne de Chêne" iwwerreecht.
Chefkächin Anne Knepper gëtt mat Uerden ausgezeechent

Zanter dräi Joer etabléiert sech d'Public House am Casino als kulinaresch Adress. Ma den Dram vum eegene Restaurant ass op Ëmweeër entstanen.

Eigentlech huet d'Anne Knepper Ekonomie studéiert a sech bei engem vun de "Big 4" gesinn. Duerch e Studentenjob huet si virun aacht Joer dunn awer hir Léift zur Kichen nei entdeckt a sech getraut, deem nozegoen, wat se eigentlech schonn als Kand faszinéiert huet.

"Mir krute vun eiser Mamm immens Doheem mat op de Wee ginn, den Depart vum Produit, lokal Produiten. Mir hunn ëmmer doheem eng Hand mat ugepaakt. Dat heescht, do koum scho ganz fréi eng Passioun fir dat gutt Uebst a Geméis, wat mer hei ronderëm eis hunn", erënnert sech d'Anne Knepper.

D'lescht Joer ass si vu Gault&Millau als "Jongkächin vum Joer" ausgezeechent ginn. E Präis, deen dem Restaurant e Boost an der Renommée ginn hätt, ma gläichzäiteg e gewëssen Drock mat sech bruecht hätt, der Etikett musse gerecht ze ginn.

"Ech menge mëttlerweil hu mir eise Wee fonnt, domat ëmzegoen an hunn och eis Formule e bësse geännert. Fort vun dem Fine Dining a méi a Richtung bistronomique", sou d'Anne Knepper.

Net nëmme berufflech mä och privat ass am leschte Joer vill geschitt. D'Anne Knepper ass Mamm ginn an huet hire Wee tëscht den zwou Welte mussee fannen.

Dat wier just mam richtegen Entourage méiglech gewiescht: "Mat enger Famill, déi ee vill ënnerstëtzt, mat engem Partner, dee gutt matmécht an natierlech mat menger Ekipp. Si stemmen d'Aarbecht wann ech net kann do sinn oder wann de Klengen emol méi Plaz anhëlt. (…) Et ass net eng One-Woman-Show, mir stinn zu méi hei hannendrun."

Dass si elo op Nationalfeierdag an der Philharmonie eng weider Auszeechnung entgéint huelen dierf ass fir si eng grouss Éier, och wa si dëse Präis net komme gesinn huet.

Back to Top
CIM LOGO