“All d’Lëtzebuerger hunn eis Kiche gär. A wou gi si an d’Vakanz? A Spuenien!”, seet den Eduardo, a laacht. Hie gehéiert zu deene Chefkäch, déi hire Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn, fir hir Kichen hei bekannt ze maachen. Esou wéi hien, hunn och den Daniele, den Andreas oder de Spiros eng nei Liewensphas hei ugefaangen – mat engem gemeinsamen Zil: Authentizitéit op den Teller ze bréngen. “Et sinn elo aacht Joer hier, datt ech Griicheland verlooss hunn, fir hei zu Lëtzebuerg ze liewen”, erzielt den Andreas.
An de Daniele bréngt et op de Punkt: “Mir hunn decidéiert, net méi ronderëm d’Welt ze reesen – elo reese mir duerch eise Restaurant.”
Fir vill vun hinnen ass Lëtzebuerg virun allem eng Chance. “Ech hat ëmmer d’Iddi, e Restaurant zu Lëtzebuerg opzemaachen, well et hei vill Potenzial fir griichesch Kiche gëtt”, seet den Andreas. Och den Eduardo gesäit d’Virdeeler: “Hei schaffe mir vill mat hausgemaache Produiten. Ech fille mech geschätzt, a professionell ass dat ganz wichteg. Finanziell ass et och besser wéi a Spuenien.” Ier si alleguer hei ukomm sinn, hu vill vun hinnen d’Hallschent vun der Welt gesinn. Den Daniele huet zesumme mat senger Partnerin Chiara an ënnerschiddleche Länner geschafft – vun Italien iwwer Japan bis Australien. Haut ass hien zu Steebrécken ukomm.
Trotz Erfolleg bleift et weider eng Erausfuerderung, d’Clienten ze iwwerzeegen, ouni seng eege Wuerzelen ze verléieren.
“Traditioun ass net einfach”, erkläert den Daniele. “Wann d’Tomaten net gutt sinn, wann den Ueleg net gutt ass oder de Basilikum net frësch ass – dann ass et eng Katastroph.”
Och fir den Andreas ass kloer: “Ech mengen net, datt een d’griichesch Kichen upasse muss. D’Leit solle richteg griichesch Kichen entdecken.”
Den Eduardo setzt op Gedold an Zäit: “Meng Groussmamm huet fënnef Stonne laang gekacht – an dat bréngen ech och hei mat.”
D’Clienten zu Lëtzebuerg sinn oppe fir nei Saachen – mee net alles ass selbstverständlech. “Bei enger Paella gehéiert keng Zitroun drop an och kee Chorizo”, seet den Eduardo. “Dat si Basis-Reegelen.” De Spiros setzt op authentesch Produiten: “Och eis Olive kommen direkt aus Griicheland, vu Kalamata.”
An den Daniele kombinéiert Kulturen: “Italieenesch a japanesch Kichen – dat ass eng Mëschung, déi funktionéiert.”
Nieft der Kichen ass et och d’Liewen hei, dat der vill schätzen. “Meng Kanner sinn hei gebuer. Fir d’Schoul an d’Sproochen ass et perfekt”, seet den Eduardo. “Mäi Kand schwätzt besser Lëtzebuergesch wéi ech.” Fir den Andreas ass et virun allem de soziale Kontakt: “Et ass hei einfach, Leit kennenzeléieren. Vläicht esouguer méi einfach wéi a Griicheland.”
A fir de Spiros sinn et déi kleng Gesten: “D’Leit soen hei Moien – dat ass net iwwerall esou.”
Fir all dës Chefkäch ass Lëtzebuerg méi wéi just eng Aarbechtsplaz ginn. Et ass eng Plaz, wou si hir Wuerzelen erhalen a gläichzäiteg eppes Neies opbauen. “Ech probéieren net de Beschten ze sinn – ech probéieren einfach mäi Bescht ze ginn”, seet den Eduardo. “Mir wëllen, datt d’Leit sech fillen, wéi wa si a Griicheland wieren”, seet den Andreas. A fir de Spiros ass et kloer: “Mir wëllen hei nach vill Jore bleiwen.” Eng Geschicht vu Courage, Passioun – an enger Kichen, déi Grenzen iwwerwënnt.