Vu 14 Auer un am Livestream op RTL.lu an um RTL PlayD'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Luc Frieden

RTL Lëtzebuerg
Céline Eischen
Um Dënschdeg ass dem Luc Frieden säin 3. Etat de la Nation. Et ass déi Ried, wou de Regierungschef op déi politesch Accente fir déi nächst Méint kuckt.

D'Ried vum Premier Frieden ass virum Hannergrond vun den Verhandlunge mat de Sozialpartner a geet iwwert den Impakt vum Iran-Konflikt op d'Ekonomie an d'Kafkraaft vun de Leit. Et däerf ee gespaant sinn, a wéi wäit méiglech Géigemesurë wäerten annoncéiert ginn, ouni der Tripartite nächste Mount virzegräifen.

E Mëttwoch vun 9:00 Auer u stinn dann d'Debatte vun den Deputéiert iwwert d'Deklaratioun um Programm. Déi kënnen och live op RTL.lu an um RTL Play suivéiert ginn.

Réck-an Ausbléck

D'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier ass een traditionelle Rendez-vous bei dem de Regierungschef all Joers Bilan zitt an och no vir kuckt. Et ass déi drëtt Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Luc Frieden. Do bitt et sech un, eng Kéier op déi lescht Rieden zréckzeblécken. 

Ugefaange mam Luc Frieden sengem éischten État de la Nation am Juni 2024. Do war d'Regierung ronn 8 Méint am Amt: Schonn deemools war riets vun engem schwierege geopolitesche Kontext, zwar nach net wéinst dem Iran-Krich, mee an éischter Linn wéinst dem Israel-Palestina-Konflikt an dem Ukrain-Krich. An deem Kader war et d'Annonce, datt Lëtzebuerg d'Zil vun 2 Prozent vu sengem RNB (Revenu National Brut) fir d'Defense auszeginn, schonn 2030 wéilt erreechen. Dat ass jo een Engagement, wat sech alleguerten d'NATO-Memberlänner ginn haten.

"Bei mengem Untrëttsbesuch beim Nato Generalsekretär hunn ech gesot, dass mir drun denke géingen, dat Zil vun den 2 Prozent vum RNB, zu deem sech Lëtzebuerg engagéiert huet, iwwert déi nächst zéng Joer ze erreechen. Wéinst der internationaler Situatioun a wéinst den Engagementer un all eisen NATO-Partner, annoncéieren ech Iech haut, dat d'Regierung decidéiert huet, dat Zil vun den 2 Prozent pro Joer schonn 2030 ze erreechen."

Dobäi sollt et awer net bleiwen: Mam neie President Trump, deen e puer Méint drop gewielt ginn ass, huet sech d'Situatioun nach méi séier entwéckelt. Um NATO-Sommet ee Joer drop, also am Juni 25, hu sech d'Memberen esou guer op 5 Prozent fir Militärausgaben gëeenegt: Lëtzebuerg wëll dat Zil da schonn 2035 erreechen.

Net just d'Defense war ee Sujet

2024 gouf och een 10-Punkte-Plang fir d'Logementskris presentéiert. Dorënner een national standardiséiert Bautereglement, wat 2025 sollt kommen, un deem gëtt aktuell awer nach geschafft. Jo de Logement ass a bleift dat grousst Suergekand, och nach 2 Joer duerno: Abordabel Wunnenge fir ze loune si bis haut seelen. D'Logementskäschte géifen esou guer zu engem Broch an der Gesellschaft féieren, dat ass op d'mannst d'Conclusioun vun enger rezenter LISER-Etude. Och gouf ugekënnegt ee Projet fir eng eenheetlech Steierklass fir 2026 ze presentéieren, deem ass d'Regierung jo dann no komm.

Annonce Pensiounsreform

Un d'Ried vum leschte Joer wäert sech awer wuel am meeschten erënnert ginn: Stéchwuert Pensiounsreform. Do huet dem Luc Frieden seng Annonce am État de la Nation vum leschte Joer ganz grouss Welle geschloen.

"Donieft huet Lëtzebuerg, mat ronn 60 Joer, deen niddregste reellen Antrëttsalter an d'Pensioun vun allen EU- an OECD-Länner. Duerfir wäerte mir d'Cotisatiounsjore lues a lues eropfueren. D'Karriär, déi ee muss absolvéiert hunn, fir en Urecht op eng Pensioun ze hunn, wäert iwwert eng Rei Joren all Joers stufeweis ëm dräi Méint verlängert ginn."

D'Schwieregkeeten am Sozialdialog hunn dem Premier hei net gehollef: Um Enn koum et net zu enger Pensiounsreform mee éischter enger Refërmchen: De System ass mëttelfristeg ofgeséchert ginn: D'Cotisatioune si fir Staat, Employé an Employeur em 0,5 Prozent eropgaangen, an et gëtt een mat Steierlechen Avantagen encouragéiert méi laang schaffen ze goen. D'Regierung schaaft sech esou 4 Joer Sputt, domat ass déi laangfristeg Ofsécherung vun eisem Pensiounssystem awer ausbliwwen.

Wat kann ee sech fir dësen Dënschdeg erwaarden?

Den État de la Nation ass ee speziellen: Wëssend, datt an deck zwou Wochen d'Tripartitesverhandlunge lass ginn, kann de Premier net virgräifen an all ze vill Mesuren annoncéieren, fir d'Leit an d'Betriber vun de negativen Impakter vum Krich am Noen Osten ze entlaaschten. De geneeën Ordre du Jour vun der Tripartite steet jo och nach net fest: Iwwer de Logement wëll d'Patronat an der Tripartite jo net diskutéieren, deemno kann ee sech eventuell hei Annoncen an der Ried erwaarden.

Fakt ass: De Chômage ass mat 6,3 Prozent op engem relativ héije Niveau, d'Zuel vun deenen, déi eng Aarbecht sichen, ass an engem Joer ëm 8,4 Prozent geklommen. A méi Netto vum Brutto huet och nach net den Wirtschaftswuesstem esou un d'Goe kritt, wéi sech Schwaarz-Blo dat gewënscht huet. Op alles dat misst de Premier u sech agoen, mir kënnen also gespaant op d'Ried an enger décker Stonn kucken.

Back to Top
CIM LOGO