Op de Punkt gewierztHarissa: Déi rout Séil aus Tunesien

Michèle Schons
Wann ee just un ee Gewierz denkt, dat direkt Hëtzt, Sonn a nordafrikanesche Flair op den Dësch bréngt, da kënnt engem séier den Harissa an de Kapp. Déi schaarf rout Paste kënnt virun allem aus Tunesien, mee och a Marokko an an Algerien ass se net aus der Kichen ewechzedenken.
© Pixabay

Harissa: Déi rout Séil aus Tunesien

Harissa besteet meeschtens aus gedréchente Chiliën, Knuewelek, Koriander, Kümmel an Olivenueleg. Dat Ganzt gëtt zu enger Paste verschafft, déi gläichzäiteg schaarf, aromatesch a liicht gereechert schmaacht, dobäi ass déi selwergemaachen net ze vergläiche mam Harissa aus der Tube. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:

Nee, ech mengen dat ass wéi bei allem, och ob een eng Mayonnaise selwer mécht oder eng Mayonnaise keeft, et gëtt fir alles e Marché. Mee wann ee wëll engem Produit déi meeschten Unerkennung ginn, da muss een sech och e bëssen dermat beschäftegen. Et ass awer esou dass dat natierlech d'Basis ass, wéi ee se am Supermarché fënnt, mee dat ass e Faass ouni Buedem. Do kann ee roueg an en orientalescht Geschäft goen, vläicht och an e gutt sortéierten Asia-Market an sech da wierklech mol inspiréiere loosse - wat dat ass. An am Beschte reest een an Tunesien an et kuckt een sech d'Saach mol live un.

An Tunesien gehéiert Harissa bal op all Dësch - wéi bei eis de Moschter oder d’Botter. Et gëtt an Zoppen, Couscous, Marinaden, Brique oder einfach op e Stéck Brout geschmiert. Et kann een awer och an eiser Kiche benotzen.

Och hei ass et eng Chili-Paste, wéi mer se gären hunn, mir kënnen et an e Rëndsgulasch maachen, dee vläicht e bësse méi schaarf soll ginn, et kéint een e Wrap maache, wou de Poulet drop marinéiert ass an dat ass och dohannen an Nordafrika esou, dat gëtt relativ global genotzt. Dohanne gëtt et an Tajinne benotzt, et gëtt, wéi s du elo sos, a Briquë benotzt. Dat ass eppes wat déi Zooss esou eemoleg mécht, si ass wierklech Deel a Goût vun engem ganze Land an Deel vun engem Liewen, dat begleet ee vu klengem un, bis zum héijen Alter.

Wat den Harissa esou spannend mécht: Et geet net nëmmen ëm d'Schäerft. Gudden Harissa huet vill Déift am Goût. Déi geréischtert Gewierzer an d’Chilië bréngen e waarme, bal sonnegen Aroma mat sech. Et reegt de Bluttkreeslaf un an ass gutt bei Entzündungen:

Wann een dat a Moossen zou sech hëlt - dat ass och ëmmer an deene waarme Länner ganz wichteg gewiescht, dass et antibakteriell ass, dat heescht et war och e wichtegt Konservéierungsmëttel. Net nëmme fir Liewensmëttel oder aner Saachen déi domat marinéiert oder ageluecht goufe, mee och fir de mënschleche Kierper huet dat dozou bäigedroen, dass de Stoffwiessel ugereegt gëtt, dann huet een ugefaange mat Schweessen, d'Bluttzirkulatioun ass ugereegt ginn, also alles wat wierklech gutt ass fir eise Kierper.

Interessant ass och, datt all Regioun hire ganz eegene Harissa huet. Dat mécht aus Harissa net just eng Zooss, mee e richtegt Stéck Kultur an e perfekt Beispill dofir, wéi Gewierzer eis op eng kulinaresch Rees mathuele kënnen.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO