Wäissen, Rosé oder RoudenWéi zerwéiert ee Wäin richteg? Kal, waarm, dekantéiert oder karafféiert?

Céline Spithoven
Fir d'Feierdeeg kënnt bei deene meeschte Leit och eng gutt Fläsch Cremant oder Wäin op den Dësch. Einfach de Stopp erof a lass? Dat ass net bei all Wäin esou einfach.
© Helena Lopes/ Pexels

Déi richteg Temperatur

Eng vun de Basisreegele beim Zerwéieren ass d’Temperatur vum Wäin. Cremant, wäisse Wäin a Rosé ginn traditionell méi kal zerwéiert. Beim roude Wäin ass awer Virsiicht gebueden: e soll, mat ganz seelenen Ausnamen, op kee Fall an de Frigo. Dat gëllt als absolutten No-Go. Ideal ass eng temperéiert Atmosphär. Am Fong soll een all Wäiner e bësse kill halen, ier ee se zerwéiert. Och e roude Wäin soll éischter aus dem Keller kommen, wou en e puer Grad méi kill ass. Wann een en de ganzen Dag an der Kiche stoe léisst, gëtt en ze waarm a verléiert u Finesse. Wann ee wäisse Wäin oder Rosé bei dëse méi killen Temperature raus op d’Terrass stellt amplaz an de Frigo, soll ee just oppassen, dass e beim Zerwéieren net ze kal ass, zum Beispill wann dobausse Minusgrade sinn.

An elo nach e Sujet, deen de Wäinexpert Claude François schuddere léist: Äis am Wäin. Egal wéi waarm et am Summer ka sinn, et géif kee Grond ginn, Äis an de Wäin ze kippen. Dat géif de Goût veränneren an de Wäi verwässeren. A mat 88 Prozent Waasser bei engem Wäin, deen 12 Prozent Alkohol huet, ass scho genuch Waasser dran, fënnt de Claude François a pëtzt en A zou. Et ginn awer eng Partie Alternativen: D’Fläsch an engem Eemer Äiswaasser stoe loossen oder speziell Äiswierfelen aus Metall, déi een an der Killtru lagere kann an dann an de Wäi gëtt. Dës gi Keelt of, schmëlzen awer net a verwässeren domat och net de Wäin.

E puer Reegele fir de Wäin richteg genéissen ze kënnen

Karafféieren an dekantéieren – wat ass den Ënnerscheed?

Roude Wäin ass beim Zerwéieren dacks e bësse méi kriddeleg wéi aner Wäiner. Do kommen d’Begrëffer karafféieren an dekantéieren an d’Spill, déi de Wäin-Expert Claude François erkläert:

  • Karafféieren bedeit, de Wäin opzemaachen an an eng Wäikaraff ze schëdden. Doduerch kënnt de Wäin a Kontakt mat Sauerstoff a kann “ootmen”. Mat all Stonn an der Karaff entwéckelt e sech weider a seng Aromae komme méi op. Dat gëtt haaptsächlech mam roude Wäi gemaach.
  • Dekantéieren huet en anere Fokus. Hei geet et drëms, den Depot, also dat wat sech ënnen ofsetzt, dee sech bei eelere Wäiner an der Fläsch gebilt huet, net an d’Karaff oder an d’Glas mat anzeschëdden.

Dekantéiere wier e Begrëff vu fréier, erkläert eis den Expert. Hei hätt een eng Käerz ënner d’Wäifläsch gehalen, wärend ee lues de Wäi vu der Fläsch an d’Glas geschott huet. Allgemeng wier et wichteg, de Wäin ëmmer lues an d’Glas ze schëdden an net einfach dran ze kippen.

© Vinotecarium/ Pixabay

Net all roude Wäin muss ootmen

Ob e Wäin soll ootmen oder net, hänkt virun allem vu sengem Alter a senger Struktur of. Ganz jonk, qualitativ héichwäerteg Wäiner mat vill Tannine profitéiere meeschtens vum Karafféieren. Besonnesch wa se eréischt véier oder fënnef Joer al sinn, wierke se direkt no der Ouverture oft nach “zou”. An der Karaff kënne se sech opmaachen a weisen hire ganze Charakter wann d’Gäscht kommen, erkläert de Claude François.

Bei eelere roude Wäiner ass dogéint opzepassen. Si sinn an hirer Entwécklung dacks scho wäit fortgeschratt. Wann een esou e Wäin ze laang karafféiert, kann en oxidéieren. Dat féiert zu onangeneemem Geroch a Goût, déi u faul Friichten oder kale Kaffi erënneren - eppes, wat ee léiwer vermeide wëll.

Wéi ee Wäin passt bei wéi een Iessen?

Beim Kombinéiere vu Wäin an Iesse gëllt am Fong: de Wäin soll d’Iessen ënnersträichen an net dominéieren. Liicht Platen, wéi Fësch, Mieresfriichten oder Zaloten, harmonéiere besonnesch gutt mat frësche wäisse Wäiner oder engem Cremant. Zu Poulet oder anerem helle Fleesch passt e méi ronne wäisse Wäin oder e liichte roude Wäin mat wéineg Tanninen. Kräfteg Fleeschplaten, wéi Rand, Wëld oder Platen, déi laang akachen, verlaangen no strukturéierte roude Wäiner, déi genuch Kraaft hunn, fir mam Iesse matzehalen. Bei Kéis kënnt et staark op d’Zort un: frësche Kéis geet gutt mat wäisse Wäiner, wärend räifen, kräftege Kéis och e staarke Roude verkraafte kann. Am Endeffekt zielt awer ëmmer de perséinleche Goût, well déi bescht Kombinatioun ass déi, déi schmaacht. An et kann ee besonnesch op de Feierdeeg, wou een zu méi um Dësch ass, och e flott Spill draus maachen, fënnt de Claude François: “Et kann ee jo direkt e puer verschidde Fläschen opmaachen an dës zesumme probéieren a kucken, wie wat méi passend fënnt beim Plat.”

Awer net direkt aus der Fläsch

D’Glas spillt eng wichteg Roll, well et beaflosst, wéi de Wäin richt a schmaacht. Roude Wäin zerwéiert een an engem grousse Glas. D’Glas ass uewen op an huet vill Plaz. Esou kann de Wäin “ootmen” an seng Gerécher komme besser eraus. Wäisse Wäin kënnt an e méi klengt a méi schmuelt Glas. Sou bleift e méi laang kal an déi frësch Aromae ginn net verluer. Cremant oder Schaumwäin zerwéiert een an enger schmueler Flute. Déi Form suergt dofir, dass d’Blose méi laang erhale bleiwen. Rosé gëtt meeschtens an engem Glas zerwéiert, dat tëscht engem wäissen an engem roude Wäiglas läit: net ze grouss, mee och net ze kleng. Et muss net perfekt sinn, mee mam richtege Glas schmaacht de Wäin einfach besser. Ginn d’Glieser Iech bis aus, da wäert souwisou de Punkt komm sinn, dass de Wäin och am Waasserglas gutt schmaacht.

Back to Top
CIM LOGO