RTL-Readers' Choice - Bescht Fritten"Beim Francis", "Mr. Goufy" a "Joslet" heeschen d'Gewënner

David Winter
Mir hunn nees gefrot, Dir hutt eis är Meenung gesot. Hei sinn Är Top 10 Plazen hei am Land, op deenen een déi beschte Fritte kritt!
© RTL

Wat soll ee soen...? Praktesch kee Snack fir Tëschenduerch ass esou beléift, wéi déi knuspreg frittéiert Grompere-Stëfter. An hei ass et och komplett egal, ob e Vegetarier ass oder net, Fritte komme bal bei jidderengem gutt un a gehéieren an der westlecher Welt definitiv zum absolutte kulinaresche Standard.

Ma den Ursprong vun de Fritten ass bis haut ëmstridden, virun allem d'Belsch a Frankräich streide sech nach ëmmer drëms. D'Belsch behaapt, schonn am 17 Joerhonnert ronderëm d'Regioun Namur déi haut weltbekannte Fritten zerwéiert ze hunn. Deemools gouf zwar dacks Fësch och frittéiert a giess, ma wa kee Fësch do war, ass op d'Gromper zeréckgegraff ginn. Dës gouf dann, sou déi historesch Iwwerliwwerung, a Form vun engem Fësch geschnidden, frittéiert an da giess. D'Fransousen dogéint behaapten awer, dass si déi wierklech Erfinder vun der Fritt sinn, méi genee sollen d'Pommes frites eng Paräisser Erfindung aus dem 18. Joerhonnert sinn. Ënnert anerem nennen d'Amerikaner d'Fritte jo "French fries", wat awer wuel éischter domadder ze dinn huet, dass amerikanesch Zaldote wärend dem 1. Weltkrich de Snack an der franséisch-sproocheger Belsch kennegeléiert hunn, an sou einfach zënter deem vu "franséische" Fritte schwätzen. Wat sécher ass, ass dass d'Fritten hire richtegen Duerchbroch haten, wéi se säitens Frankräich méi gepushed goufen.

Ob klassesch mat Salz, enger spezieller Fritte-Gewürzmëschung oder kreativen Toppings, Fritte si scho laang méi, wéi nëmmen eng Bäilag. Si sti fir e séiere Snack, si sti fir Streetfood an et sinn einfach all bekannter, déi all Mënsch schonn an de Kanner-Jore gär hat a mat Mayonnaise oder Ketchup erageféiert huet. Haut ginn et dann och eng Abberzuel u Varianten: déck oder dënn geschnidden, a Form vu Wedges, aus séisse Gromperen, am Backuewen, Airfryer oder traditionell an der Friteuse. Genee dës Vilfalt ass et, dat d'Gromper, respektiv d'Fritt zum absolutte Star mécht an et just eng Fro vun der Zäit war, dass och si elo beim Readers' Choice dobäi ass.

Mir hunn d'Stëmmen ausgezielt, hei sinn är Top 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg gutt Fritten ze iessen!
All d'Plazen, déi sech an den Top 10 konnte placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert. Ronn 1.000 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach.

Readers' Choice Top 10: Beschte Fritten zu Lëtzebuerg

Plaz 1: Beim Francis

Ouverture vum Restaurant: 15. November 2015
Adresse: 35, Route de Luxembourg (Parking Société ADL) 7372 Luerenzweiler
Kontakt: 621 832 111
Online: Offizielle Site

Eise grousse Gewënner, mat engem relativ däitleche Virsprong, ass d'Friterie "Beim Francis" zu Luerenzweiler. Enn 2015 hunn d'Luisa Colina Sarria an hire Mann, de Francis Mertens d'Fritte-Bud hannert der Tankstell opgemaach. De Francis huet fir dëse Projet souguer säin Job als Bänker gekënnegt. En héijen Asaz, fir eng gutt Fritt ze zerwéieren! A wat soll ee soen, d'Konzept schéngt méi wéi opgaangen ze sinn, d'Leit rennen him deelweis quasi d'Bud an, fir eng Portioun vun dëse Fritten ze kréien.

Mir hunn eis fir e Gespréich mam Francis op e Kaffi zu Munneref getraff gehat, dat, well d'Fritte-Bud zou war zu deem Moment. Ma net well keng Clienten do waren oder well een am Congé war, mä well et wärend der Hëtztwell Enn Juni war, an et bei deels iwwer 50 Grad hannert dem waarme Frittefett quasi net méi auszehale war ze schaffen. Souguer dem Luisa Colina Sarria, enger Cubanerin mat italieenesche Wuerzelen, waren dës Temperaturen ze extrem, Fritte maache war fir si net méi méiglech, erzielt eis hire Mann, de Francis. Am Gespréich mat him huet een direkt gemierkt, dass de Francis weess vu wat e schwätzt, wann et drëms geet, eng gutt Fritt ze maachen. Ënnert anerem bréngt hien deemnächst e Buch eraus, wou hien iwwert honnerte Säiten säi Fritten-Know-How weidergëtt.

Niewent dem Know-How ass ënnert anerem eng gutt Qualitéit vun der Wuer essenziell, fir gutt Fritten ze maachen. Beispillsweis Rëndsfett fir d'Fritten dran ze baken ass fir e richtege Belsch onëmgänglech, et gehéiert fir de Francis einfach zum Standard, fir Fritten ze maachen. An da brauch een natierlech och déi richteg Hänn an d'Erfarung, an do ass et seng Fra Luisa, déi d'Fritte mécht, well, sou de Francis, seng kubanesch Fra se mëttlerweil einfach besser mécht a genee dat richteg Gespier kritt huet, fir perfekt Fritten ze zerwéieren.

Dat Wichtegst wieren deenen Zwee awer ganz kloer hir Clienten. Si schätze sech "glécklech, esou eng aussergewéinlech trei, häerzlech a respektvoll Clientèle" ze hunn. Net nëmmen ënnerstëtze si d'Koppel bei hirem Dram vun enger eegener an erfollegräicher Frittebud, ma och bei hiren Hëllefsprojeten a Kuba. Ënnert anerem konnt mat reegelméissege Spende schonn e Pëtz an e Stroum-Kraaftwierk a Kuba finanzéiert ginn, respektiv Päck mat Liewensmëttel fir d'Leit verschéckt ginn. Dëst Hëllefe sinn deenen Zwee extrem wichteg, d'Hëllefsbreetschaft vun de Clientë beréiert de Francis a seng Fra ëm sou méi.

Aus deem Grond widme si hir éischt Plaz och ganz kloer hire Clienten, deene si iwwert dëse Wee vun Häerze wëlle fir dat grousst Vertraue Merci soen.

Mir kënnen nëmme Gratulatioun fir déi éischte Plaz soen, d'Urteel vun de Leit war kloer, déi bescht Fritten zu Lëtzebuerg kritt een, eise Lieser no, beim Francis zu Luerenzweiler.

Plaz 2: Mr. Goufy

Ouverture vum Restaurant: 24. Mäerz 1995
Adress: Route de Cruchten, 7738 Colmar Schieren
Kontakt: 85 90 60
Online: Offizielle Site

Ween nërdlech vun der Stad wunnt oder mol do ënnerwee ass, fir deen ass dës Adress definitiv e Begrëff. Souguer Lëtzebuerger Ministeren goufen hei scho mol gesinn, sech en Hamburger, e Gromperekichelchen oder eben eng gutt Fritt ze geneemegen. Iwwer 30 Joer gëtt et de Mr. Goufy elo schonn a steet fir Vitess beim Zerwéieren vum Iessen an natierlech Qualitéit, sou de Gerant Oliver Bresch, dee gebiertegen Éisträicher ass. Hien huet sech onheemlech iwwert déi zweet Plaz gefreet, nodeems et sou just net duergaange war, sech bei eiser Top 10 vun de beschte Burgeren deemools ze positionéieren.

De Mr. Goufy kritt seng Fritten aus der Belsch frësch geliwwert, net gefruer a kommen dann och esou an d'Fett. De Grond dofir ass, dass d'Fett d'Temperatur sou besser behält an net duerch gefruere Fritten e Schock kritt. Sou gi mol 10-15 Grad un Hëtzt verluer, wat net gutt ass fir eng anstänneg Fritt. Dono gi se blanchéiert eng Minutt, fir dann dono an engem leschte "Dip" nach eemol frittéiert ze ginn. Benotzt gëtt eng amerikanesch Gas-Friteuse, déi dem Oliver Besch no einfach d'Temperatur am beschte behält. Fäerdeg frittéiert ginn d'Fritten dann dono an der elektrescher Friteuse, well dës Maschinn einfach kuerzfristeg déi néideg Power huet a se sou méi knuspreg ginn. Zweemol frittéieren ass e Muss fir eng gutt Fritt beim Mr. Goufy. Als Ueleg gëtt en héichwäertegt Kakuette-Frittefett benotzt.

No der laanger Zäit am Business, feelt et dem Mr. Goufy net u Clienten, déi, mat engem clevere System fir ze bestellen, och séier kënnen zerwéiert ginn. Tëscht 80 an 100 Kilo Fritte gi beim Mr. Goufy all Dag verkaaft. Op engem ganz normalen Dag passéieren hei mëttes bannent zwou Stonnen bis zu 250 Leit, Normalitéit op der Grenz tëscht Colmar a Schieren.

Gratulatioun fir déi gutt 2. Plaz, déi un de Mr. Goufy a seng Ekipp geet.

Plaz 3: Joslet - Restaurant & Friture

Ouverture vum Restaurant: 1900
Adress: Pop-up (beispillsweis op der Fouer)
Kontakt: 621 178 867
Online: Offizielle Site

Wiem d'Institutioun "Joslet" kee Begrëff zu Lëtzebuerg ass, dee war warscheinlech nach ni op der Schueberfouer. Dass de Joslet net dierf an dëser Top 10 feelen, war relativ kloer, dat hunn op alle Fall eis Lieser och esou gesinn. An dat éiert, virun allem no iwwer 126 Joer laangem Bestoen. Jo, dir liest richteg, 126 Joer. 1900 gouf de Joslet vun enger belscher Famill gegrënnt, dat, natierlech op enger Kiermes. Et ass eng reegelrecht Traditioun zu Lëtzebuerg a gehéiert praktesch zu der DNA vun der Fouer.

De Patron vum Joslet de Marcello Loguercio ënnersträicht, dass, niewent dem bekannte gebakene Fësch, extrem vill Wäert op gutt Fritte geluecht gëtt. Beim Joslet ginn d'Fritten nämlech am ganze bestallt, also nach als Gromper, also a senger Réi-Form. Dono ginn dës geschielt, gebotzt a geschnidden an dono da blanchéiert. Gebak gi se beim Joslet a Rapsueleg. Am Dag ginn op sou engem Kiermesdag oder op der Fouer labber 500 Portioune Fritte gemaach, dat entsprécht ronn enger Tonn Gromperen, wuelverstane pro Dag. D'Léift fir déi gëlle Salzeg Fritten ass also ëmmer nach ongebrach bei de Leit zu Lëtzebuerg. Beléiftsten Zooss, verréit eis de Chef, wier iwwregens nach ëmmer d'Mayonnaise.

Eng exzellent 3. Plaz fir de wäit iwwer honnert Joer ale Betrib, d'Leit am Grand-Duché stinn nach ëmmer, no all deene Joren, hannert dem Traditiounshaus, dat och dëst Joer bestëmmt nees wäert eng prominent Plaz op der Schueberfouer um Glacis hunn.

Plaz 4: Patati Patata

Adress: 2 Rue du marché, 9260 Diekirch
Kontakt: 26 80 35 04
Online: Offizielle Site

Plaz 5: Flux

Adress: 5 Bousserstrooss, 9144 Hierheck Esch-Sauer
Kontakt: 26889543
Online: Offizielle Site

Plaz 6: Friture Op der Merterterkopp

Adress: Parking op der Route du vin, 6686 Mäertert
Kontakt: 621386997
Online: /

Plaz 7: Bistrot Gourmand

Adress: 77 Waistrooss, 5440 Remerschen Schengen
Kontakt: 26 66 57 93
Online: Offizielle Site

Plaz 8: Brasserie du Cents

Adress: 8 Rue Cents, 1319 Cents Luxembourg
Kontakt: 26 68 35 25
Online: Offizielle Site

Plaz 9: Extrawurscht

Adress: 2 Rte d'Arlon, 7471 Saeul
Kontakt: 26 61 09 08
Online: Offizielle Site

Plaz 10: Beim Alen Tuurm

Adress: 5-6 Rue Jean Majerus, 7555 Mersch
Kontakt: 32 68 55
Online: Offizielle Site

Hei alleguerten eis Readers' Choice-Artikelen op ee Bléck!

LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Pizza
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Kebab
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Sushi
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte portugisesche Restaurant
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Kniddelen
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht vegetarescht/vegaant Iessen
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Glace
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Bouchée à la Reine
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Burger
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Fueskichelcher
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Nems

Back to Top
CIM LOGO