D’Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg organiséiert vum 13. bis de 14. Mäerz 2026 den 55. Nationale Jonk Fuerscher Concours am Forum Campus Geesseknäppchen.
Hei weise Jonk Fuerscher tëscht 11-21 Joer hiren eegene Projet, mat deem sie - nieft enger super Erfarung - och flott Präisser gewanne kënnen.
D’Zil vun der FJSL ass et, déi Jonk hei am Land fir d’Natur- an Humanwëssenschaften ze sensibiliséieren an ze inspiréieren, souwéi international Erfahrungen unzebidden fir hiren Horizont ze erweideren.
Sou presentéieren déi jonk Fuerscher vum 13. bis de 14. Mäerz hir Projeten am Forum op der Bühn a virun enger Jury vun Experten.
Fir méi Informatiounen, besicht hire Site: www.fjsl.lu an follegt hinnen op Social Media: FB: @fjs.lux, IG: @fjs.lux an Twitter:@fjslux
Freideg 13. Mäerz (Jury sessions - nëmmen am Livestream)
Vun 8.45.00 Auer bis ca 13.30 Auer
live op RTL.lu an op der App
Open doors (op fir jiddereen)
Vun 14.00 Auer bis 16.00 Auer
Samschdeg 14. Mäerz (Awards ceremony - nëmmen am Livestream)
Vu 16.30 Auer bis ca 19.00 Auer
live op RTL.lu an op der App
Open doors (op fir jiddereen)
Vun 13.00 Auer bis 16.00 Auer