
Den Italieener Carlo Petrini ass en Donneschdeg den Owend a senger Heemechtsstad Bra an Nord-Italien gestuerwen.
Mëtt den 80er-Joren hat hie "Slow Food" mam Zil gegrënnt, eng Géigebeweegung zum Fast Food duerzestellen, an de Fokus op Iessen an Drénke mat Genoss mat propperen a faire Liewensmëttel ze leeën. D'Nohaltegkeet soll am Fokus stoen, dowéinst sollen an där Kichen dann och virun allem regional Produite benotzt a Kleng-Baueren ënnerstëtzt ginn. Aus der Iddi ass eng international Beweegung entspanen, déi haut iwwert d’ganz Welt verbreet ass.
2004 gouf de Petrini vum Time-Magazine zum Europäeschen Held ernannt an 2008 huet de Guardian hien als ee vu just 50 Mënsche geéiert, déi et fäerdeg géife bréngen, mat hiren Iddien d'Welt ze retten.