De Fräizäit- an Déierepark zu Beetebuerg, deen am Ufank op anere Plaze virgesi war, gouf séier zu enger Touristenattraktioun, déi vill Familljen aus Lëtzebuerg an der Groussregioun unzitt.
Mee wien hat eigentlech d'Iddi fir de Beetebuerger Park, firwat koum et ugangs den 90er Joren zu enger Kris a wéi koum et, datt d’APEMH 1997 d'Leedung iwwerholl huet?
Op dës a vill aner Froen äntwert den Direkter Marc Neu. Donieft kucke mer mat him an zwee vu senge Mataarbechter op den Alldag am Park a gi gewuer, firwat dem Ris säi Kolleeg schonn e puermol verschwonnen ass.