Europol-Campagne fir Täter mat laange PrisongsstrofenLëtzebuerg sicht nach ëmmer nom Said Nassiri

RTL Lëtzebuerg
Europol huet en Donneschdeg eng nei Campagne lancéiert, fir Täter ze sichen, déi op der Flucht sinn, obwuel si zu laange Prisongsstrofe verurteelt goufen.
© Europol

Europol freet d'Leit no Hëllef bei der Sich no Täter, déi op der Flucht sinn, obwuel se zu Prisongsstrofe vun op d'mannst fënnef Joer verurteelt goufen. 11 Länner bedeelege sech un der Campagne, dorënner och Lëtzebuerg.

Vun den Autoritéiten aus dem Grand-Duché gëtt nämlech nom Said Nassiri gesicht. De gebiertege Marokkaner ass 34 Joer al an ass wéinst Erpressung zu enger Prisongsstrof vun 12 Joer verurteelt ginn.

Tëscht 2018 an 2019 hat hien duerch widderhuelt Gewalt a Menacë géint säin Affer an deem seng Famill 170.000 Euro erpresst. Donieft hat hien eng Rechnung am Numm vun enger Entreprise gefälscht, fir e Virement an Héicht vun 100.000 Euro ze rechtfäerdegen. An engem weidere Fall hat den Nassiri eng Persoun iwwer d'Ouer geschloen, där hie fälschlecherweis eng Wunneng ënnert dem Numm vun enger Firma verlount hat. Doriwwer eraus gouf den Nassiri dann och nach wéinst Kierperverletzung verurteelt, nodeems hien en Affer geschloen an esou uerg blesséiert huet, datt dës net méi Schaffe ka goen.

Zanter Juni 2025 gëtt et en europäeschen an en internationale Mandat d'Arrêt géint de Said Nassiri.

D'Autoritéite ginn dovun aus, datt hie sech baussent Europa ophält.

© Europol

Och Abdullah Khodor nach ëmmer vu Lëtzebuerg gesicht

Déi ganz Lëscht mat de Verbriecher, déi vun Europol gesicht ginn, fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO