
Zanter iwwer 60 Joer mécht d'Cher, mam biergerlechen Numm Cherilyn Sarkisian, schonn erfollegräich Musek a spillt a Filmer mat. D’Cher ass an de 60er‑Joren als Deel vum Duo "Sonny & Cher" bekannt ginn, dat deemools scho mat Welt-Hits wéi "I Got You Babe". Kuerz drop huet si eng imposant Solokarriär gestart, dat mat engem Repertoire, dee mat der Zäit iwwer Pop, Disco, Rock bis hin zu Dance geet. Ënnert anerem "If I can turn back time" oder "Believer" gehéieren zu hire gréissten Hits.
Ënnert anerem huet d'Cher wärend hirer Karriär, niewent Millioune verkaafte Placken an CDen, och en Oscar fir hir Haaptroll am Film "Moonstruck" gewonnen, wat weist, dass de Star net nëmme sangen, ma och virun der Kamera iwwerzeege kann.
Duerch déi konsequent Nei-Interpretatioun vum Cher, gëtt d'Sängerin och nach dacks als "Goddess of Pop" bezeechent. Nieft der Musek huet d’Cher, wéi gesot, och am Kino an op der Tëlee iwwerzeegt. Rollen a Filmer wéi "Moonstruck", "Mask" oder "Burlesque" hunn de Star engem ëmmer méi grousse Public bekannt gemaach.
Optrëtter huet d'Cher iwwregens mëttlerweil keng méi, déi lescht grouss Shows waren déi bekannte Residenz-Concerten zu Las Vegas tëscht 2008 an 2011 an dono nach e puer tëscht 2017 an 2020. Du war awer Schluss. Dem Cher op alle Fall "Happy Birthday"!