RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Laurent Mosar

Patrick Greis
Den Deputéierten, fréiere Chamberpresident an Ex-President vun der Aris .
© Patrick Greis

De Laurent Mosar ass Deputéierten an Ex-President vun der Aris. De bekennenden Influencer zielt dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel am 'Café des artistes', wéi hien zu där Leidenschaft koum. Et gëtt een gewuer, dass hien duerch säi Papp bei d'Politik koum. Hie verréit, dass Piano näischt fir hie war, awer dofir léiwer dem Fussball nogelaf ass. De fréieren Chamberpresident beschreift, wéi hien de Klitschko an der Sauna begéint huet an gëtt zou, dass hien dem Schlager verfall ass. Et geet ëm e Paltong, deen ze kleng war, Tuten, déi hien dem Astrid Lulling an de Fliger geschleeft huet, an en Hond, deen ze liddereg ass, fir spadséieren ze goen a léiwer de Markus Lanz kuckt.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO