
Nodeems an de leschten Deeg schonn e puer Nimm duerchgesickert waren, ass en Donneschdeg de komplette Kader fir d'Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko presentéiert ginn.
Déi gréissten Iwwerraschung ass de Retour vum Manuel Neuer. Zwee Joer no sengem Récktrëtt aus der Nationalekipp kënnt de 40 Joer ale Golkipp vu Bayern München zréck an de Gol, sou datt den Oliver Baumann vun Hoffenheim op d'Bänk muss. Als drëtte Golkipp ass den Alexander Nübel nominéiert ginn, fir d'Traininge wäert de Jonas Urbig matfueren, wann och net als Deel vum offizielle Kader.

Déi däitsch Ekipp gëtt vum Kapitän Joshua Kimmich ugefouert. Den Deniz Undav dierf als Stiermer matfueren, grad esou wéi de jonke Lennart Karl, a fir vill Leit iwwerraschend nominéiert ginn ass de Mainzer Nadiem Amiri. Net zréckbehale ginn ass de Said El Mala vu Köln. Nächste Mëttwoch wäert déi däitsch Ekipp zu Herzogenaurach zesummekommen, fir sech op d'WM ze preparéieren, éiert se den 2. Juni op Chicago wäert fléien.
Gol:
Oliver Baumann (TSG Hoffenheim), Manuel Neuer (Bayern München), Alexander Nübel (VfB Stuttgart)
Ofwier:
Waldemar Anton (Borussia Dortmund), Nathaniel Brown (Eintracht Frankfurt), Joshua Kimmich (Bayern München), David Raum (RB Leipzig), Antonio Rüdiger (Real Madrid), Nico Schlotterbeck (Borussia Dortmund), Jonathan Tah (Bayern München), Malick Thiaw (Newcastle United)
Mëttelfeld:
Pascal Groß (Brighton & Hove Albion), Felix Nmecha (Borussia Dortmund), Aleksandar Pavlovic (Bayern München), Angelo Stiller (VfB Stuttgart), Leon Goretzka (Bayern München), Nadiem Amiri (FSV Mainz 05)
Ugrëff:
Maximilian Beier (Borussia Dortmund), Kai Havertz (FC Arsenal), Lennart Karl (Bayern München), Jamie Leweling (VfB Stuttgart), Jamal Musiala (Bayern München), Leroy Sané (Galatasaray Istanbul), Deniz Undav (VfB Stuttgart), Florian Wirtz (FC Liverpool), Nick Woltemade (Newcastle United)