Huet laang a vill gefëmmtDänesch Kinnigin Margrethe II. um Häerz operéiert

AFP, iwwersat vun RTL
D'Margrethe II. war 52 Joer laang dänesch Staatscheffin.
D'Margrethe II. vun Dänemark.
© AFP Archivbild

Déi dänesch Kinnigin Margrethe II. ass, nodeems si wéinst Wéi an der Broscht hospitaliséiert gouf, operéiert ginn. Wéi den däneschen Haff matdeelt, gouf hir am "Rigshospitalet", dem gréisste Spidol vu Kopenhagen e Ballon, deen duerno opgeblose gouf, an eng Häerz-Arterie gesat. D'Kinnigin géif sech "an engem gudden Zoustand" befannen, si misst awer nach e puer Deeg am Spidol bleiwen.

D'Margrethe II. ass en Donneschdeg mat enger Angina Pectoris an d'Rigshospitalet ageliwwert ginn. Bei der Operatioun, déi si gemaach krut, handelt et sech ëm en Agrëff, fir eng Arterie, déi amgaangen ass, zouzegoen, nees opzemaachen.

D'Margrethe II. war 52 Joer laang dänesch Staatscheffin. Déi beléifte Kinnigin huet laang a vill gefëmmt.

Back to Top
CIM LOGO