Op der ganzer Welt gouf en Donneschdeg op Christi Himmelfaart gepilgert. Hei zu Lëtzebuerg sinn et all Joer ëm déi 20.000 Leit, déi zu Wolz zesummekommen. Dat fir bei d'Statu vun der Fatima, also d'Hellegt Maria, ze pilgeren.
Fir vill Leit fänkt de Pilgerdag schonn am fréie Moien un. D'Pilger hunn ënnerschiddlech Motivatiounen, mee eng Saach verbënnt si: de Glawen an d'Gemeinschaft. "Pour moi, personnellement, c'est la foi. Il faut y aller“, seet eng Participante, déi fir d'éischt dobäi war. Och fir aner Pilger stoung d'Erfarung am Mëttelpunkt: "On passe par des moments de fatigue […] et des moments de joie, de partage“, esou en anere Participant.
Héichpunkt ass d'Pilgere bei de Sanctuaire, deen et schonn zanter 1952 gëtt. Hei ass dann och de Kardinol Jean-Claude Hollerich mat gaangen. Dës Kéier waren och de Chamberpresident Claude Wiseler an de Premier Luc Frieden dobäi.
Eng Traditioun mat laanger Geschicht
De Pelerinage bei d'Notre Dame vu Fatima geet op d'Joer 1917 zeréck, wéi d'Muttergottes dräi Kanner am portugiseschen Duerf Fatima soll erschéngt sinn. Zanterhier huet sech eng Traditioun entwéckelt, déi och zu Lëtzebuerg fest verankert ass.
Fir vill Famillen ass et en alljärleche Rendez-vous. Anerer komme virun allem wéinst der flotter Gesellschaft: "Les enfants aiment venir ici. Nous sommes tous ensemble.“
Och wann d'Wieder net optimal war, mat Reen a Wand, huet dat d'Leit net dovun ofgehalen, op Wolz ze goen.