D'Lëtzebuerger Kulturzeen verléiert ee vun hiren dichtegste Representanten am Chouer- an Dirigenten-Schaffen. De Lëtzebuerger Dirigent a Museker Pierre Cao ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
Iwwer Joerzéngten huet hien d'Lëtzebuerger Musekszeen markéiert. Hie war ënner anerem Grënner vum Lëtzebuerger Institut Européen du Chant Choral (INECC). De gebiertegen Diddelenger huet vun 1964 un am RTL-Orchester matgewierkt a war 10 Joer laang an dësem professionellen Ensemble aktiv, dee säi Sëtz an der Villa Louvigny hat.
2022 gouf de Pierre Cao mam nationale Musekspräis vum Kulturministère ausgezeechent.
Och no senger offizieller Pensioun ass hie fir speziell Occasiounen ëmmer nees op d'Dirigentepult zeréckkomm, ënner anerem fir Concerten um Nationalfeierdag an der Philharmonie.
De Kulturminister Eric Thill huet op Facebook reagéiert a geschriwwen, de Pierre Cao hätt “déi lëtzebuergesch Musekslandschaft iwwer Joerzéngten entscheedend gepräägt“.