Déi zweet Halleffinall, an där och d'Lëtzebuerger Kandidatin Eva Marija dobäi ass, gesidd dir natierlech bei eis live am Stream an op der Tëlee. Um 21 Auer en Donneschdeg den Owend geet et lass, Lëtzebuerg wäert relativ fréi säin Optrëtt hunn, dat well d'Eva Marija schonn als 4. Kënschtler vum Owend optrëtt. Am Ganze si jo 15 Natiounen an der 2. Halleffinall dobäi, nëmmen 10 komme weider. Weider Detailer vum Owend fannt dir hei!
D'Finall ass dann e Samschdeg 16. Mee 2026 um 21 Auer. Och dëst gëtt hei am Ticker an op eisem Eurovision-Site an op der Tëlee live iwwerdroen. Sidd mat dobäi a bleift an eisem Ticker bis zu der grousser Show de Weekend informéiert!