Enttäuschung no Aus beim ESC“Ech hu mat ganzem Häerz gesongen“

David Winter
Pierre Weimerskirch
Lëtzebuerg huet et dëst Joer net an d’Finall vum Eurovision Song Contest gepackt. D’Eva Marija huet en emotionalen Interview ginn, seng Mamm ass awer houfreg op et.
Reaktioun no grousser Enttäuschung
Eva Marija sot am Interview et hätt alles ginn.

Fir Lëtzebuerg ass d’Eurovision-Rees dëst Joer no der zweeter Halleffinall op en Enn gaangen. D’Eva Marija huet et mat “Mother Nature“ net an d’Topp 10 gepackt an domat och net an d’Finall e Samschdeg.

Kuerz no der Entscheedung huet d'Sängerin sech emotional gewisen, mee och houfreg zeréck op hir Leeschtung gekuckt: "Ech hu wierklech mäi Bescht ginn. Ech hu mat ganzem Häerz gesongen. Ech sinn houfreg op mech selwer an ech freeë mech elo schonn op dat, wat d'Zukunft nach bréngt."

Trotz der Enttäuschung huet si och direkt hire Supportere Merci gesot.

Den Optrëtt vum Eva Marija am Replay
Mat enger gudder Performance an enger staarker Büne-Show ass d'Lëtzebuergerin zu Wien an der Stadthalle opgetrueden.

Reaktiounen no der zweeter Halleffinall an der Fro wéi et virugeet fir Lëtzebuerg mam ESC.

“Fir mech bleift hat ëmmer eng Gewënnerin“

Besonnesch emotional war och de Moment fir hir Mamm, Nataša Kavaš Puc: "Fir mech bleift hat ëmmer eng Gewënnerin. Villmools Merci, Lëtzebuerg!“, sot d’Mamm vun der Sängerin direkt no der Show.

"Ech si sou houfreg op hatt. An ech si stolz op all déi jonk Leit, déi sech trauen ze soen, wat si spieren a wéi si d’Welt gesinn." De Message vum Lidd géif och weider liewen. "Mother Nature" wäert ni stierwen an de Message wäert och ni verschwannen, esou de Nataša Kavaš Puc.

Déi komplett 2. Halleffinall vum ESC mat Lëtzebuerg
Et sollt leider net duergoen fir d'Eva Marija, och wann d'Performance vun der Lëtzebuergerin d'Erwaardunge komplett erfëllt huet.

Trotz grousser Enttäuschung kuckt d’Eva Marija awer och schonn no vir. Fir d'Aventure Eurovision Song Contest zesumme mat Lëtzebuerg ass d'Musekerin ganz dankbar.

Ënner de Kandidate war d'Stëmmung och no der Show gutt.
Ënner de Kandidate war d'Stëmmung och no der Show gutt.
© AFP

Back to Top
CIM LOGO